En Donneschdeg ass den Industry Day vun der Lëtzebuerger Industriellefederatioun FEDIL. Haaptsujet ass déi strategesch Autonomie vu Lëtzebuerg an Europa. Am Mäerz hat d'EU an deem Kontext den "Industrial Accelerator Act" lancéiert mat véier Chantieren, déi elo prioritär misste viséiert sinn, erkläert den Direkter vun der FEDIL. De René Winkin war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Virop misst den Investissement ugekuerbelt ginn an et misst gekuckt ginn, fir och un Investisseure baussent der EU ze kommen.
Donieft nach ëmmer den Agenda vun der Digitaliséierung an der Simplificatioun fir alles méi séier ze maachen an och speziell Zonen auszeweisen, wou ee méi séier Industrieaktivitéiten a verschiddene Beräicher kann autoriséieren. Dann och d'Konzept "Buy European" wou een a verschiddene Beräicher eng Präferenz fir europäesch Produite soll festleeën oder bei ëffentlechen Ausschreiwungen.
"Et mécht kee Sënn alles wëllen hei an Europa ze hunn. Mir sinn an ze ville Beräicher ofhängeg", sou den Direkter vun der Fedil, dee sech awer dru stéiert, dass Europa a Lëtzebuerg an der "relativer Ofhängegkeet" no hanne geet. Dat heescht, et wier een an de leschte Joren nach méi ofhängeg gi vun europäeschen an asiatesche Produzenten a Fournisseuren. Elo wier et jo d'Zil, fir eng Partie strategesch Produiten nees méi staark an Europa hierzestellen, entweder vun europäesche Betriber oder vun auslänneschen Investisseuren, déi an Europa hierstellen.
An deem Fall vun auslänneschen Investisseure wier et d'Iddi, dass déi dann awer zur Hallschent oder zur Hallschent plus 1 Prozent mat europäescher Participatioun dran ass. "À voir, ob dat esou einfach geet." Wichteg wier op alle Fall, an de Beräicher Defense, Santé an Digitales eng Schëpp drop ze leeën. Dat si kritesch Infrastrukturen. Grad am Digitale géing ee Signaler gesinn, dass een do muss ophuelen. Zum Beispill hätt déi amerikanesch Firma "Anthropic" op eemol gesot, dass hir KI-Offer just nach fir Amerikaner disponibel wier. "Et huet kee Wäert eis driwwer ze bekloen, wéi wäit d'USA oder anerer vir sinn. Mir musse kucken, nozekommen." Do misst ee kucke wat déi europäesch Legislatioun seet, ob se bremst oder erlaabt, séier weider ze kommen an der Entwécklung vu KI, fir dass d'EU staark gëtt.
Eng wichteg Valeur vun der Fedil wier d'Oppenheet. Dofir warnt de René Winkin: "Dat hei duerf net a Protektionismus verfalen. D'Zil muss ganz kloer eng méi staark Widderstandsfäegkeet sinn." Et misst ee just selektiv a verschiddene Beräicher esou virgoen a vläicht och just temporär, bis Europa selwer déi néideg Capacitéiten opgebaut hätt. Dat alles hätt awer kee Sënn, wann een net och gläichzäiteg de Kompetitivitéitsagenda géing ëmsetzen, also europäesch Produiten nees méi staark maachen. Et misst een och de Prinzip vun der Reciprocitéit respektéieren.
De Fedilsdirekter gëtt e Beispill: "Wa mir elo géife soen, mir hu just nach Aidë fir Elektroautoen, déi an Europa hiergestallt sinn. An zum Beispill Südkorea géif elo soen, mir ginn awer och Aidë fir Elektroautoen, wa se aus Europa kommen. Da musse mer awer do op d'Reciprocitéit oppassen. Mir mussen op eis Handelspartner oppassen. An et muss an dat ganzt Gefüge do rapassen." Wann ee verschidden Operateuren aus Europa géing erausdrécken, da géing och alles méi deier ginn, well d'Industrië géinge schliisslech och vun enger gewëssener Konkurrenz liewen, erkläert den Invité.
Punkto Kompetitivitéit wier et esou, dass fir déi europäesch Industrie virop déi deier Energiekäschten e Problem wieren an dass d'EU et nach ëmmer net fäerdeg bruecht huet, fir den CO2-Präis ze verallgemengeren. Dat wier nach ëmmer eng Eegenaart vun Europa. Et soll jo eng Reform gi vum Emissiounshandel, mee iergendwa misst all Betrib hei fir deier Sue Quote kafen. Dat wier e Käschtepunkt, dee soss keen huet. "Dat ass elo kee Plädoyer géint eng Klimapolitik. Mee et wier net ee Plädoyer, datt mer et musse fäerdegbréngen, dat ze verallgemengeren an ee Level-Playingfield do hierzestellen." Donieft wier d'Iwwerreguléierung nach ëmmer ee Problem an der EU. Do géing ee sech schwéier doen, fir d'Rudder ëmzewerfen.
Invité vun der Redaktioun: René Winkin
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.