FHL presentéiert EtüdRessourcë-Penurie a Cybersécherheet si wichteg Volete fir Resilienz vu Santéssystem

Fanny Kinsch
D'Penurie vu Ressourcen an d'Cybersécherheet - dat sinn zwee Voleten, déi besonnesch wichteg si wann et ëm d'Resilienz vum Spidolssystem an dem Lëtzebuerger Gesondheetssystem geet. Zu där Conclusioun kënnt d'Spidolsfederatioun an enger Etüd, déi elo presentéiert gouf.
De Sylvain Vitali vun der FHL
De Sylvain Vitali vun der FHL
© Fanny Kinsch

D'Etude gouf an Zesummenaarbecht mat der Berodungsfirma Antares Evidenze Health Consulting ausgeschafft. Et hätt ee sech mat verschiddenen Acteuren, wéi Spideeler, Ministèren an Administratiounen zesummegesat, Froebéi u Leit aus dem Spidolssecteur a Patiente geschéckt an Interviewe gefouert, esou den delegéierten Direkter vun der Spidolsfederatioun Sylvain Vitali. Haaptuleies waren d'Cybersécherheet an d'Penurie vun de Ressourcen, hätt sech aus den 72 Äntwerten erginn.

"Mir hunn hautdesdaags schonn, ech nennen et emol net eng Penurie, ech géif éischter soen, et wier eng Tensioun op verschiddene Beruffer, an haaptsächlech op verschiddene Beruffer, net op alle Beruffer, hein, déi, déi an engem Spidol gebraucht ginn. Ech mengen et si bestëmmte Beruffsgruppen, do gesi mer, datt et méi schwiereg ass der ze fannen."

Et misst ee weider genuch Leit aus dem Ausland kënne rekrutéieren, awer och d'Formatioun hei am Land ausbauen. Et wier net just d'Remuneratioun, déi zu der Attraktivitéit vun de Gesondheetsberuffer bäidroe géing, esou de Sylvain Vitali vun der Spidolsfederatioun.

"Wann ech aus dem Ausland kommen, nodeems datt ech meng 10 Joer oder 12 Joer studéiert hunn, sinn ech gewinnt, an ech hu vläicht wëlles Recherche ze maachen, ech hu vläicht wëlles Enseignement ze maachen. An dat sinn alleguerten Elementer, déi zur Aktivitéit bäidroen."

Cyberattacke géingen ëmmer méi heefeg ginn. Och Spideeler sinn hei vulnerabel - wann en informatesche System duerch esou en Ugrëff ausser Betrib ass, géing et eng Zäit daueren, bis en nees um Lafe wier, esou de Sylvain Vitali.

"Dofir muss ee sech och preparéieren, andeems datt ee Sécherheete kreéiert, datt een e Backup huet, dee garantéiert, datt een déi wichteg Saachen och erëm kann un d'Lafe kréien. An ech mengen, Dir musst och verstoen, datt een do elo net kann an d'Detailer goen, wéi mir als Spideeler eis do preparéieren, well dat ass jo dann och ze vill Informatioune ginn, fir deen, dee wëll eeben eng malvaillante Approche hunn an deem dote Beräich."

D'FHL huet am ganze 17 Punkten identifizéiert, op deene misst gehandelt ginn.

D'lescht Woch huet d'Spidolsfederatioun hir Etude un d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez iwwerreecht.

Back to Top
CIM LOGO