BëschbrännRisiko vu Bränn klëmmt duerch Klimawandel

RTL Lëtzebuerg
Zu Béiwen um Stauséi sinn 2 Hektar Bësch ofgebrannt, 10 Leit goufen evakuéiert an 150 Pompjeeë waren am Asaz. Fäll, mat deenen och an Zukunft rechne muss.
© Cgdis

Risiko vu Bëschbränn / Reportage vum Paul Prüm

Vill Sonn, héich Temperaturen, wéineg Reen: No 2018 an 2019 ass och den aktuelle Summer waarm. De Jeannot Heuijben, Fierschter zu Harel:

„Generell kann ee soen, dass et duerch déi laang Dréchent-Perioden, déi ganz Vegetatioun an de Bëscher an op de Felder méi dier ass. An de Bëscher sinn et besonnesch déi méi dier Beem, déi duerch de laange Waassermangel oder duerch de Borkenkäfer-Befall ofgestuerwe sinn, déi ganz ufälleg si fir Feier. Et ass kloer, dass den dréchene Bëschbuedem an ofgestuerwen, dréche Beem am Zesummespill mat den héijen Temperaturen eng ganz grouss Bëschbrand-Gefor duerstellen.“

Wéinst dem Klimawandel wäert et an Zukunft e grousse Risiko fir Bëschbränn ginn, well d'Gesondheet vun de Bëscher manner gutt ass wéi soss, virun allem Dänne ginn zum Beispill Affer vum Borkenkäfer:

„Déi aktuell Bëschbränn stinn eiser Meenung no éischter am Zesummenhang mat mënschlecher Onopmierksamkeet a sinn zeréckzeféieren op ewechgehäiten Zigaretten, Onopmierksamkeete beim Grillen oder eben, wéi schonn zitéiert, ewechgehäite Glas, oder net zulescht, an do si mer wierklech en Alerte dogéint a féieren och schonn zesumme mat der Police Grand-Ducale Patrullen duerch, dat wier gezielte Brandstëftung, wou mer natierlech hoffen, dass dat net de Fall ass. Awer wéi gesot, si mer do ganz en Alerte dogéint.“

D'Naturverwaltung an de CGDIS géingen un de gesonde Mënscheverstand appelléieren. Op deene wichtegste Plaze gëtt awer konkret iwwer d'Geforen informéiert.

„Eng Campagne an deem dote Still „Oppassen!“, déi gëtt et am Fong ronderëm de Stau zum Beispill, an notamment op deene Plagen. Wou méi Trafic ass vu Léit, do si souwisou schonn Hiweisschëlter, déi d'ganzt Joer do sinn. Déi ginn elo net extra fir dës Zäit dohi gestallt, awer déi stinn ëmmer do.“

De waarme Summer stellt zwar e grousse Risiko fir d'Bëscher duer, mä wa jiddereen an der Natur oppasst, da kéinte gréisser Bëschbränn evitéiert ginn, esou nach de Jeannot Heuijben.

Wéi ass den Zoustand vun eise Bëscher?

Ausgedréchent, dier a brong Felder, Bëscher déi am August ausgesinn ewéi am Hierscht. Alles dat si Konsequenze vun engem waarmen, dréchene Summer. Mee a wat fir engem Zoustand d'Lëtzebuerger Vegetatioun wierklech ass huet de Paul Prüm bei der Forstverwaltung nogefrot.

Back to Top
CIM LOGO