
Eng vun de Reprochë vum Geriicht ass, dass de fréiere Buergermeeschter vu sengem Amt profitéiert hätt, fir doraus en Avantage ze zeien.
Den 20. September 2019 sot den Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini dëst:
“Ech sinn zu der Iwwerzeegung komm, dass ech mat Effet vum nächste Méinden un als Buergermeeschter vun der Stad Déifferdeng zrécktrieden. D’Entscheedung mech aus dem Déifferdenger Gemengerot zréckzezéien, ass keng einfach fir mech. Säit 2005 hunn ech mech do mat vill Passioun fir eis Gemeng engagéiert.”
E puer Deeg virdrun hat de Politiker vun déi Gréng Feeler zouginn. Um selwechten Dag, op deem d’Justiz Ermëttlungen annoncéiert hat.
“Ech hunn hei e Feeler gemaach. Ech misst dat wëssen, ech wosst et awer net. Ech muss awer soen, dass wann ee Buergermeeschter gëtt, da schafft ee sech a vill Saachen an an ech weess net alles.”
Den 2. Oktober 2019 huet hien och säi Mandat an der Chamber opginn.
Am Juli vun deem Joer war am Déifferdenger Gemengerot de Sujet vun engem Haus zu Nidderkuer opkomm, dat de Roberto Traversini geierft hat. Um selwechten Terrain steet och dat faméist Gaardenhaischen.
D’Autorisatioun vum Ëmweltministère fir d’Renovatiounen an Aarbechten um Haischen an um Terrain soll hie sech eréischt nodréiglech ageholl hunn. Fir weider Aarbechte waren da Mataarbechter vun der Beschäftegungsinitiativ CIGL ugestallt ginn, vun där de Roberto Traversini deen Ament President war.
An der Suite vun der ganzer Affär war am Abrëll 2022 och déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg zréckgetrueden, fir kënnen auszesoen. Hei hat d’Justiz awer decidéiert, dass d’Reprochen ouni strofrechtlech Suitte géinge klasséiert ginn.
Géint de Roberto Traversini hat de Parquet dann ënner anerem wéinst Verdacht op Verontreiung vun ëffentleche Gelder, illegaler Vorteilsannahme, Verschleierung a méiglechem Profit duerch säi Poste fir Avantagen ermëttelt.