Weltwäit ass d’Pressefräiheet op engem historeschen Déifpunkt ukomm. Ma och hei am Land géif den Drock op d’Press wuessen an d’Journaliste géingen ëmmer méi riskéieren, sech selwer ze zenséieren an domat hirem eigentleche Rôle net méi kënnen nozekommen.
Dat sot de Roger Infalt vum Presserot e Mëttwoch op der traditioneller Neijoerschreceptioun fir d’Press, op déi de Premier- a Medieminister Luc Frieden an déi delegéiert Ministesch Elisabeth Margue invitéiert haten. Besonnesch d’Bedruchsaffär J.N. géing der Press nach laang Misär maachen, well d’Urteel Schoul wäert maachen, sou de Roger Infalt. An deem Kontext wier en Aarbechtsgrupp gegrënnt ginn, fir ze kucken, wéi ee mat där Situatioun ëmgeet.
RTL däerf jo no enger Geriichtsdecisioun den Numm vum fréiere President vun der Bréifdréiesch-Gewerkschaft net méi nennen. Déi zwee CSV-Regierungsmemberen hunn an hire Rieden d’Affär J.N net kommentéiert. Eng fräi, staark an onofhängeg Press wier en essentiellen Deel vum demokrateschen Debat, seet awer de Premier Luc Frieden. D’Ministesch Elisabeth Margue huet präziséiert, datt en neit Gesetz Journaliste besser virun abusive Plaintë protegéiere soll. Hei géing Lëtzebuerg méi wäit goen ewéi dat, wat déi entspriechend EU-Direktiv virgesäit.