Iwwer 160 Kilometer Autobunn a knapps 700 Kilometer Nationalstroossen: d‘Ponts et Chaussées geréieren e grousse Reseau, zu deem ënnert anerem och Rond-Pointen, Brécken an Tunnelle gehéieren.
Mir froen den Direkter vun der Administratioun Roland Fox e Freideg de Moien, wou nei Projeten ewéi den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn oder d‘Sécherung vun der geféierlecher N7 am Norden dru sinn, a firwat Maintenance-Aarbechten un Tunnellen heiansdo esou laang daueren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.