
Mir haten et dës Woch schonn ugekënnegt, dass geschwënn d’Testphas fir de Streckeradar op der N15 tëscht Nidderfeelen an der Fuussekaul lassgeet. Elo um Freideg deelt de Mobilitéitsministère mat, dass déi Testphas schonn den 30. Mäerz, deemno e Méindeg wäert ugoen.
Déi Maximalvitess op där Streck läit bei 90 km/Eng Toleranz vu 3 km/h (ënner 100 km/h Vitess) gëtt applizéiert, respektiv 3% Toleranz, wann een iwwer 100 Stonnekilometer um Tacho hat.
Et gëtt drun erënnert, dass et wärend der Testphas keng Protokoller ginn. All d’Fotoen a gesammelt Donnéeë ginn direkt geläscht.
Wéini d’Radaren da schaarf gestallt ginn, gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt matgedeelt. De Roland Fox, Direkter vu Ponts et Chaussées huet um Freideg de Moien als Invité vun der Redaktioun allerdéngs gemengt, dass et virun der Päischtvakanz souwäit dierft sinn.