Solidaritéit mam IranRonn 100 Leit manifestéieren an der Stad virun der US-Ambassade

Chris Meisch
Lisa Weisgerber
D'Demonstratioun ass Deel vun enger international koordinéierter Mobiliséierung, fir den nämmlechten Dag weltwäit virun US-Ambassaden ze manifestéieren.
Solidaritéit mam Iran
Ronn 100 Leit manifestéieren an der Stad virun der US-Ambassade.

Nodeems déi gréisste regierungskritesch Demonstratiounen zanter Joren am Iran brutal niddergeschloe goufen, hunn déi landeswäit Maniffe géint de Regimm fir d’éischt emol liicht ofgeholl. Zu Lëtzebuerg hu sech e Samschdeg ronn 100 Leit virun der amerikanescher Ambassade getraff, fir hir Solidaritéit mam iranesche Vollek auszedrécken, den Affer ze gedenken an den Drock op international Acteuren, virun allem den US-President, ze erhéijen.

D’Situatioun am Iran beweegt wäit iwwer d‘Grenze vum Land eraus a mobiliséiert weltwäit Leit, fir op d‘Strooss ze goen, fir op d’Mëssstänn opmierksam ze maachen an international Acteuren dozou opzeruffen ze handelen. E Samschdeg hu sech Leit vun Tréier, Lëtzebuerg an aus der Groussregioun virun der amerikanescher Ambassade um Lampertsbierg versammelt, fir den Drock op den amerikanesche President ze erhéijen an en Engagement fir d’iranescht Vollek anzefuerderen. D’Demonstratioun ass Deel vun enger international koordinéierter Mobiliséierung, déi den nämmlechten Dag a verschiddene Länner, virun US-Ambassadë weltwäit, vun iranesche Bierger an Ënnerstëtzer organiséiert ginn ass. De Gorgie Zadeh, vum iranesche Veräi vun Tréier fir Kultur a Mënscherechter erkläert:

“Präsident Trump hat uns Hilfe versprochen, er hat gesagt die Menschen in Iran sollen auf die Straße gehen und ‘wir werden euch unterstützen’. Bis jetzt ist nichts passiert. Wir wollen Herrn Trump noch ein Mal daran erinnern, dass wir auf seine Hilfe warten.”

Demonstratioun virun der US-Ambassade an der Stad / Chris Meisch

D’Internetspär, déi zanter méi wéi enger Woch gëllt, féiert Aktivisten no dozou, datt de ganzen Ausmooss vun de Gewaltdoten net bekannt ass. Der Organisatioun “Netblocks” no zitt sech d’Internetspär elo schonn iwwer 200 Stonnen. Iraner am Ausland hunn domat keng Méiglechkeet, hir Famill a Frënn am Krisegebitt ze kontaktéieren.

“Wir sind wirklich sehr, sehr beunruhigt. Wir wissen nicht wie es unseren Familienmitgliedern geht. Wir leben momentan in einer Ungewissheit. Wir wissen nicht, was unseren Familienmitgliedern in Iran passiert. Wir fordern die Europäische Union und auch Luxemburg dazu auf, sich für die breite Bevölkerung im Iran einzusetzen.”

Wärend der Manifestatioun gouf nach eng Petitioun, mat konkrete Fuerderungen an Erwaardungen un den amerikanesche President ënnerschriwwen, déi e Sonndeg perséinlech der amerikanescher Ambassadrice soll iwwerreecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO