LogementRout Kräiz freet Hëllef vu Proprietären

RTL Lëtzebuerg
Et géif ëmmer méi schwéier ginn, de Leit en Daach iwwert dem Kapp ze fannen. D'Hëllefsorganisatioun huet dowéinst en Appell un d'Proprietäre lancéiert.
© Envato Nateemee

Dëst, fir mat de méi schwaache Stéit solidaresch ze sinn. D’Rout Kräiz ënnerstraicht, datt et zwee Dispositiffe gëtt, fir d’Proprietären, déi hëllefen z’ënnerstëtzen an ze schützen. Engersäits kann d’Rout Kräiz Garant si fir d’Locatairen, anerersäits kann d’Rout Kräiz selwer Wunnenge lounen an dann u Leit, déi an der Wunnengsnout sinn, weiderverlounen. Weider Infoe fannt Dir op logement.public.lu an op croix-rouge.lu.

Communiqué vum Roude Kräiz

Back to Top
CIM LOGO