Musek aus LëtzebuergRTL LX: Den neie Webradio 100% Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Pénktlech fir National Feierdag bréngt RTL Lëtzebuerg säin neie Webradio eraus: RTL LX!
RTL LX : De neie Webradio 100% Lëtzebuerg
Non-Stop Musek aus Lëtzebuerg: Rock, Pop, Hip Hop, a Klassiker.

Nom Lancement am Februar vun RTL Gold mat Non-Stop-Hits aus de 50s, 60s, 70s an 80s, kënnt elo RTL LX.

RTL LX, dat ass nëmme Musek “Made in Luxembourg”. Vu Rock, Pop, Hip-Hop bis zu de grousse Lëtzebuerger Klassiker ewéi Colette a Fernand, Fausti, Thé dansant, Partyhits, etc...

RTL LX, dat ass non-stop Musek vu lokalen Talenter.

Deemnächst wäerten och Emissioune wéi den RTL-Podcast “Am Takt” dobäikommen.

RTL LX, de Webradio mat Musek aus Lëtzebuerg

Leit, déi wëlle Musek virschloen, kënnen dat ënner der Mail: musek@rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO