
Zanter datt d'Luxembourg Space Agency (LSA) am Joer 2018 gegrënnt gi war, gouf se vum Marc Serres geleet - de Ruy Pinto sengersäits war zanter 2027 bei der SES an huet virun allem un der Entwécklung vun de multi-orbitalen Infrastrukture vun der Betzder Satellittefirma geschafft. Virdru war de Mann bei Inmarsat, sou datt den neie Chef vun der Weltraumagence en zolitte Bagage an deem Domaine matbréngt - dëst ënnersträicht och de President vum Verwaltungsrot Jacques Thill, dee Lëtzebuerg wëll als Hub vum Space-Secteur fest hei am Land verankeren.
Nieft dem Marc Serres verléiert d'Weltraumagence mat sengem Adjoint e weidere vu senge Cheffen - de Mathias Link sengersäits wiesselt bei d'Lëtzebuerger Weltraum-Start-Up "Exobiosphere", déi an der biomedezinescher Recherche aktiv ass a fir d'nächst Joer déi éischt Weltraum-Missioune plangt.
Wou de beruffleche Wee vum Marc Serres hiféiert, deelt d'LSA net mat.
Dat ganzt Schreiwes zum Changement bei der SES fannt Dir hei.