No Warnung vu franséischer Agence fir Medikamentesécherheet wéinst KriibsrisikoSantésministère réit dovunner of "Minipëll" eegestänneg ofzesetzen

Claude Zeimetz
Virun zwou Wochen hat déi national Agence fir Medikamentesécherheet a Frankräich an engem Schreiwes un iwwer annerhallef Millioune Frae viru méigleche gesondheetleche Risike vun de sougenannte "Minipëlle" gewarnt.
Verhütungsmëttel mat Desogestrel sollen de Risk vu Meningiomen erhéijen.
De Santésministère huet an engem Schreiwes vun engem eegestännegen Ofsetze vun der "Minipëll" ofgeroden.
© LOU BENOIST/AFP

Dës Contraceptiounsmëttel op Basis vun Destrogel kéinten ënnert anerem zu engem méi héije Risiko fir Tumeuren op der Hirnhaut an dem Réckemuerch féieren.

De Lëtzebuerger Santésministère réit de betraffene Fraen en Donneschdeg an engem offizielle Schreiwes dovunner of, eegestänneg an ouni medezineschen Avis hir Pëll ofzesetzen, wa si sou eng huelen. Déi allermeescht vun de Fraen, déi sou eng "Minipëll" huelen, géifen ni en Tumeur kréien, heescht et am Communiqué. De Risiko géif awer eropgoen, wat een dës Contraceptioun méi laang hëlt. Donieft sinn och Fraen iwwer 45 Joer méi staark exposéiert.

Am Kloertext ass et de Rot, fir den Traitement mat sou enger "Minipëll" normal weiderzemaachen, fir net de Risiko anzegoen, ongewollt schwanger ze ginn. Et wier och net néideg, d'Urgence bei en Dokter ze goen, wann ee keng Antecedente mat sougenannte "Meningiomen" huet oder verdächteg Symptomer opweist. Patientinnen, déi sech Froe stellen, sollten hiren Dokter am Kader vun engem nächste reguläre Rendez-vous drop uschwätzen.

Allgemeng wier et recommandéiert, fir seng Contraceptioun reegelméisseg, jee no Alter, Besoinen, Liewensstil a medezineschen Indikatiounen, ëmmer mol nees mam Dokter, dee behandelt, ze beschwätzen.

Fannt hei d'Schreiwes vum Santésministère

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO