
Changement am Steeseler Schäfferot. De Schäffe Claude Schintgen vun der DP huet op den 1. Oktober demissionéiert. Dat deelt d'Gemeng op hirem Internetsite mat. Als Successeur kritt den Inneministère de Guy Schiltz vun der LSAP proposéiert.
De Claude Schintgen bleift iwwerdeems am Gemengerot, an deem hie schonn 32 Joer Member ass. Zu Steesel gëtt et dës Legislatur eng rout-blo Majoritéit.