
De Prisong Uerschterhaff ass reng fir Männer geduecht, déi an Untersuchungshaft sinn, also op hire Prozess respektiv d’Urteel waarden. Ufank Dezember ass de Prisong opgaangen a kuerz drop si schonn déi éischt Prévenue vu Schraasseg op den Uerschterhaff geplënnert. Mëttlerweil sinn 155 Männer hei ënnerbruecht (Stand 23. Januar). 158 Männer sinn den Ament nach zu Schraasseg an Untersuchungshaft.
Den éischte Mount ass ouni Tëschefäll verlaf, sou d’Prisongsverwaltung op Nofro hin. Et hätt ee just e puer technesch Adaptatioune gemaach, dat zum Beispill un den Heizungsanlagen.
Fir déi männlech Prévenue ginn et am Prisong Uerschterhaff e puer kleng Changementer. Sou liewe si elo a méi klengen Unitéite mat maximal 12 Persounen pro Unitéit. Dës Weidere bleiwen d’Diere vun den Eenzelzellen daagsiwwer méi laang op a si dierfen zwou Stonnen den Dag an de Baussenhaff am Verglach zu just enger Stonn zu Schraasseg.