Hei kann ee sech am Auto teste loossen. Dat fir d'Ustiechungsgefor esou niddreg wéi méiglech ze halen.
Kloer ausgeschëldert an och schonn e Méindeg vu ronn 150 Persoune benotzt: de Corona-Test-Drive-in zu Jonglënster. An de Spëtzenzäite géife bis zu 10 Autoen hei stoen, ma et géif ee séier duerchkommen, esou déi Responsabel vum Labo. Mat enger Ordonnance vum Dokter kann ee sech esou teste loossen.
"Do gëtt effektiv en Ofstréch gemaach, en Naso-Pharyngal-Ofstréch, deen da wäit erop an d’Nues geet, bis quasi an de Sinus, fir genuch Material kënnen ze kréien, fir en zouverlässegt Testresultat ze kréien.", esou de Prof. Dr. Bernard Weber, den Direkter vum Laboratoire.
Bannent 24-48 Stonnen kéint ee mam Resultat rechnen. Wat d’Fiabilitéit vum Test ugeet, esou géif et eng gewëssen Noweisgrenz, beispillsweis wann d’Persoun just eng ganz niddreg Quantitéit vum Virus ausscheet, kéint et sinn, dass den Test en net erfaasst.
"Dat hunn all déi Tester gemeng. Et gëtt keen deen honnertprozenteg ass. Awer en huet schonn eng ganz héich Sensitivitéit. Et wäert een awer domadder wéineg Fäll net kënnen noweisen an da stellt sech d’Fro, ob déi Leit dann och wierklech infektiéis sinn.", esou nach de Prof. Dr. Bernard Weber.
Et wär schonn eng Erausfuerderung fir u genuch Schutzmaterial a Masken ze kommen. Tester wären der genuch do, och wann déi eng oder aner Firma mol eng Rupture de Stock hätt. Ma d’Produktioun géif an d’Luucht goen.
"Also do kënnt elo relativ vill. Ech huelen un, wann elo net alles ze vill séier virugeet, datt do awer d’Logistik misst assuréiert sinn."
Zanter en Dënschdeg kann een de Corona-Test och zu Maarnech a Käerjeng am Drive-in maachen.
An den nächsten Deeg kann ee sech och an der Maison Médical zu Lëtzebuerg, zu Ettelbréck an zu Esch teste loossen.