An Zukunft soll en Deel vun der Entwécklung an Integratioun vu Satellitten direkt zu Lëtzebuerg geschéien. Op der Kockelscheier ass dofir e Space Campus geplangt – mat héichtechnologeschen Infrastrukturen, déi net nëmme fir d’SES, mee fir de ganze Lëtzebuerger Weltall-Secteur geduecht sinn.
Fir de Generaldirekter Adel Al-Saleh ass dëse Schratt eng logesch Konsequenz vun engem Secteur, dee sech séier an déifgräifend verännert: “D’Industrie ass haut extrem dynamesch an extrem kompetitiv. D’Normen, déi mir zanter Joerzéngte kannt hunn, ginn a Fro gestallt – Wéi gi Satellitten developpéiert? Wéi gi se gebaut? Wéi gëtt intellektuellt Proprietéit kontrolléiert?” Fir déi nächst Entwécklungsphas vun der SES z’erreechen, misst d’Firma “Deeler vun der Versuergungskette selwer kontrolléieren.”
Nei Satellitten-Acteuren, rapid technologesch Entwécklungen an deels fragil Versuergungsketten hunn de Marché ënner Drock gesat. D’Äntwert vun der SES: méi intern Kompetenzen opbauen a méi Kontroll iwwer Design, Integratioun an Technologie iwwerhuelen – ouni dobäi op déi laangjäreg international Partner ze verzichten.
Dass dës industriell Expansioun grad zu Lëtzebuerg stattfënnt, ass fir de CEO keen Zoufall. “Lëtzebuerg ass eist Doheem. Mir hunn hei exzellent Ingenieuren an eng ganz gutt Lag”, seet den Al-Saleh. Entscheedend wier awer och d’Roll vum Staat. “De Staat ass extrem ënnerstëtzend – net nëmme fir d’SES, mee fir d’Industrie am Allgemengen. Infrastrukturen, Investissementer, Regulatiounen an en Ökosystem. Dat huet Lëtzebuerg zu engem einfache Choix gemaach.”
Op der Kockelscheier soll e Space Campus entstoen, deen och den anere Firmen am Secteur zougänglech ass. Geplangt sinn ënner anerem Test-Facilitéiten, déi soss fir eenzel Entreprisen ze deier wieren. “Mir wëllen – zesumme mam Staat – e Campus schafen, deen et méiglech mécht, neit Equipement ze testen an weiderzëentwéckelen”, esou den Al-Saleh.
D’Initiativ soll och nei héichtechnologesch Kompetenzen an d’Land bréngen. “Et ginn an der Ëmgéigend Regiounen, déi Erfarung an der Automobilsproduktioun hunn. Hei schafe mir Expertise an der High-Tech-Produktioun an an der Satellitten-Entwécklung”, seet de CEO. Dës Kompetenze sollen deels aus dem Ausland kommen, deels awer och lokal, a Kooperatioun mat der Universitéit Lëtzebuerg, opgebaut ginn.
Am Mäerz sollen déi éischt Ingenieuren an déi nei Raimlechkeeten op der Kockelscheier eraplënneren.
Satellitte-Produktioun zu Lëtzebuerg, europäesch Ambitiounen, e grousse Scholdebierg – a staark global Konkurrenz. De komplette Interview mam CEO vun der SES, dem Adel Al-Saleh, kënnt Dir hei kucken:
Lëtzebuerger Iwwersetzung:
Original Interview op Englesch: