
Eng Aenzeien hat um 22.20 Auer gemellt, dass e klengt Boot an der Musel ënnergaange wier. Virdrun wier eng Explosioun ze héiere gewiescht.
Doropshin ass an engem Groussasaz vun de lokale Pompjeeën, der Police an de Fräschmänner vum CGDIS iwwert eng länger Zäit nom Boot gesicht ginn. Fonnt, gouf awer näischt.
Och de Policehelikopter war op der Plaz, fir d’Géigend vun uewen ofzesichen, confirméiert d’Police.
Vun de fräiwëllegen Pompjeeë vu Pärel heescht et op Facebook, dass ronn 70 Persounen aus Däitschland a Lëtzebuerg am Asaz waren. Et ass och Rieds vun enger gudder Zesummenaarbecht iwwer d'Grenzen eraus.
Géint Hallefnuecht goung den Asaz ouni Resultat op en Enn, well wéi gesot, näischt am Waasser konnt fonnt ginn, confirméiert de CGDIS. Et geet een dovun aus, dass d'Exlosiounsgeräisch vu Knupperte kéint gewiescht sinn, déi am Kader vun Nationalfeierdag geschoss goufen.