D'Natur zeréck an d'WunngebidderSicona an Ëmweltministère maache Propose fir méi Gréngflächen

Monica Camposeo
Fanny Kinsch
D'Natur einfach emol Natur si loossen. Dat ass virun allem fir d'Insekten an d'Biodiversitéit wichteg.
Sicona an Ëmweltministère mat Propose fir méi Gréngflächen
D’Natur einfach emol Natur si loossen. Dat ass virun allem fir d’Insekten an d’Biodiversitéit wichteg.

Ma wéi kënne Gréngflächen dem Klima ugepasst ginn a wéi kritt een d’Natur zeréck an d’Wunngebidder? Dorëms geet et an der neier Broschür, déi den Natursyndikat Sicona an den Ëmweltministère virgestallt hunn.

D’Natur zeréck an d’Wunngebidder / Reportage Monica Camposeo

Fir dass d’Insekte sech wuel fillen, musse Gréngfläche sënnvoll genotzt ginn. Also kee Schottergaart an am beschten och net just eng kuerz geméite Wiss.

D’Lisa Siebenaler vum Sicona erkläert, wat der Biodiversitéit méi bréngt: “Sougenannt Staudenbeete kënnen esou zesumme gesat ginn, dass d’Insekten d’ganzt Joer iwwer eppes dovunner hunn. An enger Gemeng kéint een déi zum Beispill och esou uleeën, dass d’Beie vun engem Beet op dat anert kënne fléien.”Dass méi Biodiversitéit och dem Mënsch ze gutt kënnt, hätt ee virun allem dëse Summer gesinn, esou d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring. Wann et besonnesch waarm ass, ass et duerch de Schiet vun de Beem méi angeneem, sech dobaussen opzehalen.Dowéinst huet sech d’Ëmweltministesch och zouversiichtlech gewisen, dass d’Akzeptanz bei den ënnerschiddlechen Acteuren do ass. Si wëll sech och mam Minister fir Landesplanung, dem Claude Turmes, beroden, wéi ee Gréngflächen direkt an de Planungsprozess kann abauen.Den Naturpakt bitt schonn en éischte Kader fir d’Gemengen. D’Ëmsetzung vun deem Pakt gëtt vun der Klima-Agence geréiert. Aktuell leeft an de Gemengen eng Bestandsopnam.

De Fenn Faber, Direkter vun der Klima-Agence, erkläert, dass no der Bestandsopnam en onofhängegen Audit vun de Gemenge kann ugefrot ginn. Deemno wéi deen ausfält, kann dann zum Beispill méi Budget accordéiert ginn, fir weider Projete kënnen ëmzesetzen.84 vun 102 Gemengen hu bis ewell den Naturpakt ënnerschriwwen a setze sech domadder fir méi Biodiversitéit an. Allgemeng wier et wichteg, net just bei de Gemengen, mee och bei de Leit fir Akzeptanz ze suergen. Eng wëll Blummewiss soll net den Androck ginn, dass e Gaart oder Park ongefleegt ass. Dofir schafft den Natursyndikat Sicona och mat Panneaue fir opzeklären.

D’Lisa Siebenaler nennt als weidert Beispill och de sougenannten “Anstandsstreifen”. Dat ass wa laanscht d’Strooss just eng Sträif vun der Breet vun der Méimaschinne geméit gëtt, fir ze weisen, dass sech gekëmmert gëtt, mee de Rescht vun der Blummewiss ebe wëll soll bleiwen. De geméiten Deel kann dann och vun den Hënn genotzt ginn, mee méi hannen, wou d’Wiss nach méi héich ass, soll ee net goen.Blummen, déi aus de Fugen erauswuessen, mussen och net direkt erausgerappt ginn.

PDF: Anlage von naturnahen Grünflächen im Siedlungsbereich: Ein Praxisratgeber für Gemeinden und Interessierte

Back to Top
CIM LOGO