Bis 2030 wëllt ee klimaneutral sinnSolar-Boom an der Gemeng Nidderaanwen

RTL Lëtzebuerg
An der Gemeng Nidderaanwen gëtt et e reegelrechte Boom bei de Photovoltaikanlagen.
© AFP (Archiv)

Solar-Boom an der Gemeng Nidderaanwen (1) / Reportage Dany Rasqué

De Grond dofir ass, datt d’Gemeng eng gewësse Virreiderroll wollt iwwerhuelen an d’Majoritéit (CSV an déi Gréng) decidéiert huet, jidderengem, deen e staatleche Subside kritt, nach eng Kéier d’Hallschent dovunner dobäi ze ginn.

Wann een nach virun Enn Juni en Devis fir eng Photovoltaikanlag ënnerschreift, da leet de Staat 62,5 Prozent bäi, wann een de Stroum fir den Eegeverbrauch notzt. An der Gemeng Nidderaanwen muss een op déi Manéier just nach 6,25 Prozent aus der eegener Täsch bezuelen. An deene leschte Méint huet dat dozou gefouert, datt d’Demande, fir Solarpanneauen z’installéieren, däitlech an d’Luucht gaangen ass. 144 Demandë si bannent knapp 10 Méint um Pult vum Buergermeeschter gelant. Dat sinn der annerhallef Mol esou vill wéi an deene leschten 10 Joer zesummen.

An dobäi brauch een an der Gemeng Nidderaanwen mol iwwerhaapt keng Baugeneemegung ze froen, wéi den CSV-Buergermeeschter Fred Ternes seet.

“Mir kréie wuel vun de Firmen eng Demande geschéckt, well se net wëssen, wéi et genee an deenen 100 Gemenge gereegelt ass. Mir äntweren da bannent zwee oder dräi Deeg, dass de Buergermeeschter sech net opposéiert a mir felicitéieren de Leit fir dee Schrëtt, dee se gemaach hunn. Domadder hu se eigentlech alles, wat se vun der Gemeng brauchen.”

Datt et keen administrativen Opwand fir d’Leit gëtt, ass an den Ae vum Buergermeeschter eng weider Motivatioun, fir datt d’Leit eng Photovoltaikanlag installéieren. Seng Gemeng ass eigentlech dohi gaangen an huet de Spiiss ëmgedréint.

“Am Plaz, datt ee muss eng Baugeneemegung froen, fir eng Anlag ze installéieren, soe mir elo bei all neier Baugeneemegung, wou et ëm en neit Gebai geet, datt op d’mannst 50 Prozent vun der ganzer Daachfläch mat Photovoltaik musse beluecht ginn. Just wann een noweise kann, datt et guer net geet oder kee Sënn mécht, kann een eng Derogatioun kréien. An deem Sënn dréine mer de Spiiss ëm. Virdrun huet ee bal missen argumentéieren, fir et ze maachen, haut muss een argumentéieren, fir et net ze maachen.”

D’Gemeng Nidderaanwen huet sech als Zil gesat, fir beim Verbrauch vun de private Stéit bis 2030 klimaneutral ze sinn.

Responsabilitéit net just op de Schëllere vun de private Stéit

Solar-Boom an der Gemeng Nidderaanwen (2) / Reportage Dany Rasqué

Et ass dem Buergermeeschter Fred Ternes wichteg, datt d’Gemeng mam gudde Beispill virgeet an dofir gouf a gëtt an deenen nächste Wochen a Méint geschafft.

“Mir hunn eng Anlag, déi an den nächsten zwou Wochen un d’Netz geet, vun 240 Kilowatt Peak um CIPA Gréngewald zu Nidderaanwen. Da si mer amgaangen, eng Anlag ze installéieren op der Syrdallschwämm. Dat ass de Syndikat vun der Syrdallschwämm. Beim CIPA maache mer dat zesumme mat der Energiekooperativ Syrdall. Dat ass eng Energiekooperativ, déi mat 4 Gemenge gegrënnt gouf. Do stelle mir hinnen als Gemeng einfach fir de symboleschen Euro den Daach zu Verfügung a si investéieren an d’Anlag.”

De Buergermeeschter vun Nidderaanwen ass der Meenung, datt dat eppes ass, wat och all aner Gemeng direkt kéint ëmsetzen.

Da gëtt zum Beispill awer och nach d’Anlag um Gemengenhaus massiv vergréissert an, erzielt d’Schäffin vun déi Gréng d’Josselijn de Vries, et entsteet e grousse Projet “am Sand”.

“Do gëtt enorm ëmgebaut a Saachen nei gemaach a mir wäerten d’Struktur, déi et den Ament schonn am Gebai gëtt, baussen iwwert d’Parkplaz maachen. Dat ginn da Carports, mä awer och mat Photovoltaikanlagen drop. Dat si mam Parking da 500 Kilowatt Peak.”

Et deet sech also eppes an der Gemeng Nidderaanwen an de Buergermeeschter a seng Schäffin sinn natierlech houfreg drop, datt och alt emol méi grouss Gemenge sech un hire Projeten inspiréieren.

Back to Top
CIM LOGO