Geplangten eenzeg Steierklass "U"Solidaritéit am Bestietnis duerch Mesurë fir Kanner ersetzen?

François Aulner
D'Ënnerstëtzung vun der Oppositioun fir d'Steierreform zerbréckelt weider. Dat hu mir no enger Sëtzung vun der Chamber-Finanzkommissioun en Dënschdeg de Moie festgestallt.
D'Ënnerstëtzung vun der Oppositioun fir d'Steierreform zerbréckelt weider.
© Shutterstock

D'ADR war schonn direkt no der Presentatioun vum Projet vum Finanzminister Gilles Roth géint eng eenzeg Steierklass. Elo hunn d'LSAP an déi Gréng nei Problemer detektéiert. D'Deputéiert vun de Regierungsparteien CSV an DP waren iwwerdeems iwwerrascht.

D'LSAP an déi Gréng ënnerstëtzen d'Individualiséierung, mee hu vun Ufank un de Projet vum Gilles Roth als eng deier Steierreform kritiséiert, déi bal eng Milliard Euro d'Joer kascht, fir bis an déi iewescht Gehälterkategorien z'entlaaschten. Dem LSAP-Deputéierte Franz Fayot no hätt e Barème unique sech net sollen un der Klasse 1A orientéieren, mee d'Klass 1, also d'Jonggesellen an duerno hätt ee Moderatiounen a Funktioun vun de Kanner oder der Kompositioun vum Stot geholl.

Hien erkennt e "Kaddo virun de Walen", mee no der Nott vun der Cellule scientifique vun der Chamber zum Thema aner nei Problemer, déi d'Fondatioun Idea, mee och individuell Commentateure schonn erwäänt haten. Esou zum Beispill d'Artikulatioun vun der Reform mam Prinzip vun der Solidaritéit, déi d'Zivilrecht virgesäit.

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup war, ewéi et heescht, an der Sitzung dobäi, mee mir kruten hien duerno net ze paken. D'Positioun vun der ADR ass awer scho bekannt: si war vun Ufank u géint d'Reform well an hiren Aen de Familljemodell, wou just ee Partner schaffe geet, seng Virdeeler géing verléieren.

D'CSV-Deputéiert- a Presidentin vun der Chamber-Finanzkommissioun Diane Adehm huet op joerzéngtelaang Kritik vum Fraerot notamment higewisen, datt Fraen ebe grad duerch de Splitting benodeelegt wieren – bei Koppelen, wou ee Partner däitlech méi verdéngt, gëtt duerch de Splitting d'Steierlaascht vun deem, dee méi verdéngt, méi kleng. "Do muss ee sech awer dann iergendwa konsequent sinn: wëll ech elo d'Frae schützen, well et awer ganz vill Frae sinn, déi duerch de Splitting verléieren, oder soen ech elo 'd'Solidaritéit vum mariage' an dann ass de Splitting mir egal?", esou d'Diane Adehm.

Kee Splitting, mee dofir méi Hëllef fir d'Kanner?

An deem Zesummenhang huet d'gréng Deputéiert Sam Tanson och op den Avis vun der Chambre des Salariés higewisen, deemno d'Steierklass 1A - Elengerzéiend notamment - mat der Reform am mannsten entlaascht géing ginn, well de Barème net ganz un d'Inflatioun ugepasst gëtt. De Kanner géing an hiren Aen och nach ëmmer net genuch Rechnung gedroe ginn: den Abattement petite enfance géif just bis 3 Joer goen a well et en Abattement ass, géinge Leit mat niddregem Revenu a manner Steiere manner dovunner profitéieren.

D'Diane Adehm huet awer drop higewisen, datt d'Steierklass 1A iwwert déi lescht Joren am Barème an duerch Steierkreditter puer Mol entlaascht goufen. Donieft wiere weider Verbesserunge fir Famillje mat Kanner, déi d'Oppositioun verlaangt haten, an d'Reform agefloss ewéi den Abattement fir Kanner bis 3 Joer oder d'Ofsetzbarkeet vu Cotisatioune fir Partner. D'DP-Deputéiert Corinne Cahen huet weider Mesuren opgezielt, dorënner d'Hausse vum Kannergeld d'nächst Joer. Si huet sech dogéint ausgeschwat, fir d'Kanner steierlech ze consideréieren, well een esou riskéiere géing, Leit, déi manner verdéngen an deemno manner Steiere bezuelen, ze defavoriséieren.

Hire Parteikolleeg Patrick Goldschmidt, stoung wärend dem Interview un hirer Säit a wollt nach bäifügen: "ech laachen, well ech et interessant fannen, dass d'Sozialisten an déi Gréng dat net gutt fannen, wa Leit entlaascht ginn". A sengen Ae misst de Staat bei senge lafenden Ausgabe méi spuersam ginn, amplaz de Leit Entlaaschtunge virzeenthalen. Sollen och grouss Verdénger entlaascht ginn? Upassunge kéint een nach ëmmer 2029-30 ënnerhuelen, huet hie gemengt.

Aus der Nott vun der Cellule scientifique vun der Chamber geet ënnert anerem a graff resuméiert ervir, datt déi meescht EU-Länner op eng individualiséiert Besteierung gaange sinn. Allerdéngs géinge bei Sozialleeschtunge mat Ausnam vun der Belsch d'Ressourcë vun enger Koppel kollektiv gekuckt ginn, wat zu Tensiounen oder Inkohärenze kéint féieren.

D'Vertrieder vun déi Lénk an de Pirate ware bei der Sëtzung vun der Chamber-Finanzkommissioun net dobäi. D'Steierreform mat Barème unique "U" soll 2028 a Kraaft trieden.

Back to Top
CIM LOGO