Annoncéiert ChangementerBal all d'Oppositiounsparteie begréissen d'Reformen, äusseren awer hir Bedenken

Pierre Jans
Wärend d'LSAP, déi Gréng an d'Piraten déi annoncéiert Reforme begréissen, gi verschidde Adaptatiounen der ADR ze wäit.

D’Oppositioun begréisst déi annoncéiert Reform gréisstendeels mam Argument, et géif de Staat näischt ugoen, wéi eng Famill zesummegesat ass.

Ma d’LSAP, déi Gréng an d’Piraten kritiséieren um RTL-Mikro, dass d’Individualiséierung vun de Steieren an déi aner Adaptatioune beim Kannergeld zum Beispill elo e gutt Stéck méi ewéi eng Milliard Euro pro Joer kaschten, an dat ouni komplett Géigefinanzéierung.

D’gréng Députéiert Sam Tanson huet vun 1,4 Milliarden Euro geschwat.

Donieft huet si – genee ewéi d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding – bedauert, datt et u Steiergerechtegkeet am Barème weider géing feelen. D’Taina Bofferding huet drun erënnert, datt de Gilles Roth ewéi en nach an der Oppositioun war, fir eng Hausse vum Spëtzesteiersaz war. D’Sam Tanson huet drop higewisen, datt Leit mat engem Revenu vun iwwer 200.000 Euro brutto d’Joer mam neie Barème ëm 5.000 Euro géingen entlaascht ginn.

Ganz géint d’Reform ass dann awer eleng d’ADR. Och wa positiv Elementer dran ze fannen wären, geet se dem Fraktiounschef Fred Keup ze wäit.

Reaktioun Fred Keup

Dat hei ass wierklech eng familljepolitesch Gesellschaftsreform vun eisem Land, déi hei wäert geschéien. Et geet ëm méi ewéi nëmme Steieren. Do wäerte mir eis fir d’Famill asetzen, dass déi erhale bleift. D‘Solidaritéit an der Famill ass de Kär vun eiser Gesellschaft. Et ka jo awer net sinn, dass mir an enger Gesellschaft liewen, an der just nach deen ënnerstëtzt gëtt, just nach dee profitéiert, dee seng Kanner an eng Struktur ofgëtt an da schaffe geet. Mir hätte gär Gerechtegkeet fir déi Famill, wou Papp oder Mamm doheem bleift, fir sech ëm d‘Kanner ze këmmeren. Déi mussen och zu hirem kommen.

Op déi Kritik ugeschwat an op d’Fro, wou dann de konservative Flillek vun der CSV ass, huet de Finanzminister Gilles Roth op der Pressekonferenz dat hei geäntwert: “De Premierminister huet dës Ëftere gesot, dass d’CSV keng Flilleken huet. Mee mir sinn eng Vollekspartei. An dat hei ass eng Steierreform, déi och an der Vollekspartei CSV a verschidde Gremien diskutéiert gouf an déi fir gutt befonnt gouf a wou virun allem dat fortschrëttlecht Element ënnerstrach huet, dat der Liewenswierklechkeet vun haut Rechnung dréit a wat virun allem dem Facteur Kand a virun allem der Entlaaschtung vun der breeder schaffender Mëtt Rechnung dréit. Dat hate mer an eisem Walprogramm. Dat steet ënnert der Federführung vum Premierminister Luc Frieden am Regierungsprogramm. An dat sëtze mer hei mat erëm.”

Op d’Fro, firwat grad d’CSV d’steierlech Virdeeler vum Bestietnes ofschaaft, sot d’Deputéiert Diane Adehm, et géif ee sech aus Léift bestueden an net wéinst de Steieren.


Back to Top
CIM LOGO