
Wéi vill Cafészëmmere gëtt et, wat sinn d‘Rechter vu Sous-Locatairen a wat geschitt, wann de Bailleur sengen Obligatiounen net no kënnt? Dat wollt de Piraten-Deputéierte Sven Clement vum liberale Logementsminster Claude Meisch wëssen. Hannergrond ass en Tageblatt-Bericht iwwer Cafés-Locatairë vu Weimeschkierch, déi de Stroum ofgeschalt kruten, well de Bailleur Rechnungen net bezuelt hat an ënnergedaucht ass.
A senger Äntwert schreift de Minister, datt de Sous-Locataire am Sënn vum Stroumgesetz keen Endclient ass. D‘Stroumliwweranten applizéieren déi Prozeduren, déi virgesi sinn. Den Endclient kéint iwwerdeems Hëllef beim Sozialbüro froen, heescht et. Sollt de Bailleur d‘Stroumrechnung net bezuelen, huet de Sous-Locataire rechtlech Méiglechkeeten, seet de Claude Meisch.
Déi aktuell Gesetzgebung géing et elo schonn erlaben, Mëssbräich ze sanktionéieren, sou de Logementsministère. Eng Verschäerfung vun der Legislatioun iwwer Sous-Locatiounen ass also net virgesinn. Cafészëmmere ginn net explizitt erfaasst. Fir dës ze lokaliséieren, sinn d‘Gemengen zoustänneg. Bei enger explorativer Etüd vum Observatiore de l‘habitat goufen awer op eng éischter informell Manéier generell Erkenntnisser gesammelt.
Et gëtt preziséiert, datt dës Etüd näischt iwwer Legalitéit oder Illegalitéit ausseet. D‘Chercheuren hunn zum Beispill an der Stad Lëtzebuerg iwwer 40 Caféen identifizéiert, wou d‘Stäck driwwer als Cafészëmmere kéinte genotzt ginn. Déi meescht vun dësen – nämlech 14 Stéck - leien am Quartier Bouneweg.
Datt Noutlogementer an der Stad knapp sinn, ass der Regierung bewosst. Et wéilt een d‘Capacitéiten an existente Strukturen ausbauen an do, wou néideg, och op temporär Léisungen zeréck gräifen, sou de Claude Meisch.
D‘Reglementatiounen iwwer d‘Salubritéit géingen iwwerdeems elo grad iwwerschafft ginn. Déi entspriechend Texter solle Mëtt des Joers virleien.