
Doriwwer gëtt aktuell mat de Sozialpartner diskutéiert. E Mëttwoch souz den Aarbechtsminister Marc Spautz mat de Vertrieder vu Patronat a Salariat fir Gespréicher zesummen.
Mat dësem Temps partiel aus familiäre Grënn soll e Salarié kënne bis zu 10 Prozent vun senger Aarbechtszäit reduzéieren, wann hien oder si sech ëm e Kand ënner 13 Joer këmmert. De Gewerkschaften no ass dëst eng Mesure, déi sech nëmmen u besser gestallte Leit riicht, ëmmerhi misst ee sech et iwwerhaapt emol leeschte kënnen, op en Deel vum Salaire ze verzichten. Ma trotzdeem bréngt esou eng Aarbechtszäitreduktioun LCGB an OGBL no e grousse Risiko mat sech
"Mir wësse jo, dass an deene Situatiounen do ganz oft awer nach Fra an den Temps partiel geet, si reduzéiert wärend där Zäit hir Remuneratioun an den Droit de retour ass wichteg, well wa se am Temps partiel hänke bleift, kritt dat enorm Auswierkungen op hir Pensioun“, warnt den LCGB-President Patrick Dury.
D‘Patronat stellt sech net prinzipiell géint esou e Recht op e Retour, ma verlaangt, datt d‘Modalitéite vun deem Temps partiel aus familiäre Grënn kloer festgehale ginn. Den UEL-President Michel Reckinger stéiert sech och dorun, datt de Salarié, der Propos vum Minister no, ze vill Flexibilitéit kréich. Deemno kéint de Salarié, an deem Temps partiel nämlech och seng Horairen tëschenduerch änneren. "Dat si Saachen, déi musse kloer sinn“, esou de Michel Reckinger. "Et muss kloer beschriwwe sinn, wat däerf ech, wéi laang maachen ech et, wéi sinn d'Delaien?“
Bei der allgemenger Aarbechtszäitorganisatioun dogéint feelt et der UEL u Flexibilitéit. Dowéinst gëtt en Accord beim Temps partiel an de Spezial-Congéen un deen iwwert d‘Aarbechtszäitorganisatioun geknäppt. Doriwwer wäert an enger nächster Reunioun vum CPTE de 15. Oktober diskutéiert ginn, präziséiert den Aarbechtsminister Marc Spautz.
Fir d‘Gewerkschaften ass d‘Aarbechtszäitorganisatioun och keen Tabu-Theema, esoulaang déi spezifesch Mesuren iwwer Kollektivverträg gereegelt ginn. Do wär villes méiglech, esou nach de Patrick Dury.
Weider gouf an där Reunioun och iwwer d‘Ëmsetzung vun zwou EU-Direktiv geschwat, déi elo méiglechst séier sollen ëmgesat ginn. Bei béiden Texter géif et nach eng ganz Partie Punkten, déi net kloer wieren, esou d‘OGBL-Presidentin Nora Back. Rieds geet vun der Direktiv zur Transparenz vun de Salairen an der Direktiv iwwer Plattform-Aarbecht.
Fir de Michel Reckinger war dëst iwwerdeems déi lescht a senger Funktioun als UEL-President. Den 1. Oktober iwwerhëlt offiziell säi Successeur Marc Lauer.