Stabiliséierungspak ugehollStaat mobiliséiert 8,8 Mrd. Euro, 14 % vum PIB

Jeannot Ries
E Mëttwoch den Owend hunn de Pierre Gramegna, de Franz Fayot an de Lex Delles d'Detailer vum Stabiliséierungspak bekannt gemaach.
Stabiliséierungsplang ugeholl
E Mëttwoch den Owend hunn de Pierre Gramegna, de Franz Fayot an de Lex Delles d'Detailer vum Stabiliséierungsplang bekannt gemaach.

Stabiliséierungspak virgestallt / De Resumé vum Fanny Kinsch

8,8 Milliarden Euro: esou héich ass d’Enveloppe, déi de Staat virgesäit, fir d’Land an d’Wirtschaft duerch d’Kris ze kréien. Mam Mesurëpak, deen ausgeschafft gouf, dierft een d’Entreprisë fit halen, war et d’Ausso e Mëttwoch den Owend vum Finanzminister Pierre Gramegna.

Fir de Chômage partiel stinn iwwert déi nächst 2 Méint 1 Milliard Euro zur Verfügung. Fir de Congé pour raisons familiales sinn et 400 Milliounen Euro.

Wat de Chômage partiel ugeet, ass et d’Instrument per excellence, fir datt d’Entreprisen hir Salariéë kënnen halen, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Et ass déi wichtegste Mesure, well se de Leit eng Pai garantéiert. Deemnächst gëtt och een neien Outil operationell. Bis elo war et esou, datt d’Betriber d’Suen hu misste virstrecken, elo kënnen awer Avancen ausbezuelt ginn. Et wëll een op eng onbürokratesch Manéier hëllefen, sot de Franz Fayot.

Deemno wéi mussen nieft dësem Stabiliséierungspak weider Mesurë geholl ginn. Dat misst een zu engem spéideren Zäitpunkt gesinn.

PDF: Den Iwwerbléck vum Stabiliséierungspak

Back to Top
CIM LOGO