Liberty SteelStaat proposéiert 14,5 Milliounen Euro, fir de Site zu Diddeleng ze kafen

Roy Grotz
© Jeannot Ries / RTL

14 an eng hallef Milliounen Euro: Dat ass d’Offer, déi de Staat dem Curateur vun Liberty Steel gemaach huet, fir d’Diddelenger Installatioune vun der Firma, déi Faillite ugemellt huet, op zwou Parzellen opzekafen an nees neit industriellt Liewen an d’Industriezone ze bréngen. Dee Präis nennen d’Ministeren Backes, Spautz an Delles.

Um Site ass engersäits virgesinn, en Handwierkerhaff z’instaléieren an anersäits en “Defence Campus” also e Site, wou sech Firme kënnen néierloossen, déi am Defense-Secteur aktiv sinn.

Wéi eng Firmen elo genee viséiert sinn oder ob et ewell potentiell Interessente ginn, fir sech an der Diddelenger Industrie-Zone Wolser néierzeloossen, kënnen d’Ministeren nach net preziséieren. Si setzen awer op Firmen, déi eng Fläch op de Schmelz-Sitte kënne lounen.

Virdrun mussen natierlech d’Gebailechkeete vu Liberty Steel an d’Rei gesat an zum Deel ofgerappt ginn. Eventuell muss och de Buedem sanéiert ginn.

Déi 150 Leit, déi nach bei Liberty Steel geschafft hunn, kënnen allerdéngs net op direktem Wee vun den neie Firmen iwwerholl ginn, wëll et keng Priorité de Réembauchage fir si gëtt. Och si wuel aner Qualifikatioune gefrot, wéi dat bei Liberty Steel de Fall war.

D’Froen zu der Zukunft vun de Liberty-SteelsSitten haten d’Diddelenger LSAP-Deputéiert Biancalana an Di Bartolomeo gefrot. D’Faillite war virun engem Joer aktéiert ginn.
D’Gewerkschaften hate sech rezent nach driwwer opgereegt, datt d’Regierung hir Engagementer net géif anhalen an datt fréier Salariéë kee Recht op d’Ajustementer vun der Fréipensioun hätten.

2019 hat Liberty Steel vum Proprietäre Sanjeev Gupta d’Fabrik zu Diddeleng vun Arcelor/Mittal ofkaaft, nëmmen zwee Joer drop war d’Produktioun duerch d’Falite vum Finanzgrupp Greensill Capital in extremis gestoppt ginn. Zanterhier läit all Aktivitéit brooch.


Weider Sujeten zum Thema

Léisung géif brutal a Fro gestallt ginn
OGBL an LCGB bekloen e Revirement am Dossier "Liberty Steel"

Back to Top
CIM LOGO