
An engem Schreiwes e Freideg am fréien Owend deelt d'Verwaltung vun der Stater Gemeng mat, dass eng Parkauer um Stater Territoire truquéiert gi wier. Et gouf en Element fonnt, fir déi Leit, déi mat der Kaart bezuelen - och ouni Kontakt - ze beklauen.
Et gëllt virsiichteg ze sinn, well d'Stad Lëtzebuerg schléisst net aus, dass och nach aner Parkaueren vun der Bedruchsmasch kéinte betraff sinn. Am Communiqué gëtt präziséiert, dass de Kaartelieser vun enger Parkauer ganz flaach ass. Eng Këscht, e Module oder soss en Element sinn net un d'Auere montéiert.
Wien als esou en Element un enger Parkauer fënnt, soll direkt den 113 wielen an d'Police informéieren.