Nei Zuele vum STATECMigratioun bleift Haaptmotor vum Bevëlkerungswuesstem zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Bevëlkerung zu Lëtzebuerg wiisst nach ëmmer, wann och lues, well wéineg Gebuerten d'demographesch Entwécklung bremsen.
Am Gesamtbild confirméieren d'Zuelen, datt de Bevëlkerungswuesstem zu Lëtzebuerg zwar ofhëlt, d'Migratioun awer déi zentral Roll fir den demographesche Wuesstem spillt.
© Maxime Gonzales / RTL Archives

D'Bevëlkerung am Grand-Duché ass weider um wuessen, awer däitlech méi lues, wéi an de Joren virdrun. Den 1. Januar 2026 hu 690.959 Awunner am Land gelieft, wat engem Plus vun 1,3 Prozent am Verglach zum Joer virdrun entsprécht, wéi aus rezenten Zuele vum STATEC ervir geet.

De Wuesstem gëtt nach ëmmer haaptsächlech duerch Migratioun ugedriwwen. Am Joer 2025 si 24.985 Persounen an d'Land komm, wärend 17.141 et verlooss hunn. De sougenannte Migratiounssaldo läit domat bei 7.844 Persounen, kloer iwwer dem natierleche Wuesstem vun 2.043 Persounen.

Gläichzäiteg bleift d'Zuel vu Gebuerten niddereg. Am Joer 2025 goufe 6.439 Kanner gebuer, liicht manner wéi nach 2024. De Fruchtbarkeetsindicateur ass op 1,23 Kanner pro Fra gefall an huet domat en neie Minimum erreecht.

Och d'Stierffäll si liicht zeréckgaangen: 4.396 Persoune si gestuerwen, wat engem Réckgang vun 1,7 Prozent entsprécht. D'Liewenserwaardung bleift op héijem Niveau, dat mat 85,2 Joer bei de Fraen an 81,1 Joer bei de Männer.

D'Bevëlkerung ass am Duerchschnëtt relativ jonk, besonnesch Persoune mat auslännescher Nationalitéit. Dës Tendenz spigelt sech och an de Stierffäll erëm, wou dräi Véierel vun de Verstuerwene Lëtzebuerger sinn, wat haaptsächlech mat der Altersstruktur erkläert gëtt.

D'Immigratioun ass am Joer 2025 liicht zeréckgaangen, wärend méi Leit d'Land verlooss hunn. Déi meescht nei Awunner kommen aus Frankräich a Portugal. Bei den Emigratioune stinn d'Lëtzebuerger un der Spëtzt, wat zu engem negative Migratiounssaldo bei dëser Grupp féiert.

Den Undeel vun den auslänneschen Awunner bleift héich, och wann e liicht op 46,6 Prozent gefall ass. Am Ganze liewe ronn 322.000 Persounen ouni lëtzebuergesch Nationalitéit am Land, verdeelt op ronn 180 Nationalitéiten.

Gläichzäiteg ass d'Zuel vun den Naturalisatioune geklommen. Am Joer 2025 hunn 8.223 Persounen d'lëtzebuergesch Nationalitéit kritt, eng Hausse vun 10,9 Prozent am Verglach zu 2024.

Nieft de Bevëlkerungszuele weisen d'Donnéeën och eng Entwécklung bei de Familljestrukturen: 2.604 Mariage goufen am Joer 2025 gefeiert, liicht méi wéi am Joer virdrun. D'Zuel vun de Scheedungen ass awer däitlech geklommen a läit bei 1.367 Fäll.

Am Gesamtbild confirméieren d'Zuelen, datt de Bevëlkerungswuesstem zu Lëtzebuerg zwar ofhëlt, d'Migratioun awer déi zentral Roll fir den demographesche Wuesstem spillt.

Back to Top
CIM LOGO