
Kuerz viru 7 Auer sinn zu Furen an der Dikricherstrooss zwee Autoen net laanschtenee komm.
Géint 9:15 Auer sinn op der A7 Richtung Stad, tëscht dem Tunnel Grouft an dem Tunnel Staftelter eng Partie Gefierer anenee gerannt. Am Trafic-Info vum ACL war ze liesen, dass 3 Camionnetten an ee Camion involvéiert waren.
Géint 9:40 Auer waren zu Dikrech an der rue de Stavelot e Camion an en Auto an en Accident verwéckelt.
Bei all deenen Accidenter gouf jeeweils eng Persoun verwonnt.