
Domat iwwerhëlt d’Madamm Huber d’Tâche vum Romain Heinen, dee knapp 19 Joer un der Spëtzt vun der Verwaltung stoung.
Déi nei Direktesch ass 43 Joer al an huet laang Joren an den USA, Irland a Frankräich gelieft a geschafft, fir duerno op Lëtzebuerg zréckzekommen.
D’Stella Huber huet e Master am internationale Steierrecht a war déi lescht 4 Joer fir d’Sekretariat vum Direktiounscomité vum Enregistrement responsabel. Ënnert der Stella Huber soll d’Verwaltung sou opgestallt ginn, datt se “innovativ a kollaborativ” ka schaffen.
Mam Jean-Paul Olinger hat dëst Joer ewell och d’Steierverwaltung e neien Direkter krut.
LINK: D’Schreiwes op der Säit vun der Administation de l’enregistrement, des domaines et de la TVA