Déi europäesch Stolindustrie steet weider viru groussen Erausfuerderungen, dat gouf och e Mëttwoch um Neijoerschpatt vun ArcelorMittal zu Déifferdeng nach emol kloer. D’Konkurrenz aus Asien an den USA hëlt weider zou. China produzéiert mëttlerweil 55 Prozent vum Stol weltwäit. Fir konkurrenzfäeg ze bleiwen, huet de Stolkonzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg sech eng ganz Rei Ziler gesat
Ronn zwou Milliounen Tonne Stol gi pro Joer zu Lëtzebuerg produzéiert. De CEO vun ArcelorMittal Long Products Luxembourg Pierre Jacobs seet sech optimistesch fir d’Zukunft.
“Mir hunn eng ganz wichteg Roll hei an Europa ze spillen, mat eise Produiten, dräi Haaptproduiten, de Palplanchen, den Trägeren an och de Schinnen. An dat si Produiten, déi iwwerall an Europa, souguer an der Welt benotzt ginn. Also ech si relativ optimistesch, datt mir als Long Products Luxembourg, mat ongeféier 2.000 Mataarbechter, datt mir och eng ganz gutt Zukunft virun eis hunn.”
An deem Sënn gëtt och massiv an d’Infrastrukturen a nei Projeten investéiert. Aktuell gëtt zu Déifferdeng ee Projet ëmgesat, fir de Stëbs opzefänken, dee bei deene verschiddene Prozesser um Site ufält.
“Et ass e Projet vun 23 Milliounen Euro, deen als Zil huet 85 Prozent vum gesamte Stëbs, deen hei um Site vun Déifferdeng produzéiert gëtt, ze captéieren, also ofzesaugen.”
Och um Belval gëtt moderniséiert. Dat ganzt Stolwierk gëtt erneiert.
“Mir hunn elo just en neien Elektrouewen installéiert, deen zoufälleg gëschter Owend seng éischt Charge gemaach huet. Mir hunn duerno och en Degasage installéiert a mir wäerten och de Coulée elo adaptéieren an der zweeter Hallschent vun dësem Joer.”
De Grupp ArcelorMittal huet sech doriwwer eraus och een neit Zil punkto Sécherheet vun de Mataarbechter ginn. Bis 2027 wëll de Konzern “fatality free” sinn, also déi déidlech Accidenter op 0 erofdrécken. Zu Lëtzebuerg géingen aktuell vill Formatioune lafen, fir d’Sécherheet ze verbesseren.