Sonndeg 22 Auer bis Méindeg 22 AuerZuchtrafic tëscht Lëtzebuerg an der Belsch kéint vu Streik behënnert ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Streik an der Belsch kéint den Zuchverkéier vum 11. Oktober um 22 Auer bis den 12. Oktober um 22 Auer gestéiert sinn, sou d'CFL um Freideg.
Streik an der Belsch kéint den Zuchverkéier mat Lëtzebuerg stéieren.
© RTL

D'CFL recommandéieren de Passagéier, sech virun der Rees iwwert de méiglechen Impakt vum Streik z'informéieren.

Dat geet iwwer d'Websäit www.cfl.lu oder d'App CFLgo.

Betraff sinn d'Zuchlinnen iwwer Klengbetten op Arel, iwwer Ettelbréck an Ëlwen op Gouvy souwéi iwwer Käerjeng, Suessem, Rodange an Athus.

Back to Top
CIM LOGO