"Bass du prett?"Suivéiert d'Presentatioun vum Guide fir 72 Stonnen Autonomie am Livestream

RTL Lëtzebuerg
E Freideg am Nomëtteg géint 14:30 Auer gëtt e praktesche Guide virgestallt, fir 72 Stonnen Autonomie, am Fall vun enger Urgence.

De Premier Luc Frieden, den Inneminister Léon Gloden an den Haut-commissaire à la protection nationale Guy Bley presentéieren dee Guide, mat prakteschen Tipps, fir datt een als Stot am Noutfall dräi Deeg laang autonom eens gëtt. D'Initiativ ass Deel vun der nationaler Resilienzstrategie.

D'Presentatioun kënnt Dir hei bei eis am Livestream suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO