Vertrieder vun HUT - Hëllef um Terrain - där Associatioun, déi de Gros vun den Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl huet, waren an der Caritas-Spezialkommissioun an der Chamber. Dorënner och de Christian Billon, deen am Summer de Comité de Crise ronderëm d’Caritas-Kris geleet huet. D’Deputéiert hätte vill Froe gehat, d’Äntwerte wieren awer mince gewiescht, sot d’LSAP-Fraktiounscheffin a Rapportrice vun der Kommissioun Taina Bofferding.
“Op d’Fro erëm, firwat net déi eenzel Acteuren, déi hei concernéiert waren, un en Dësch gesat gi sinn, huet den Här Billon gesot, bon, et hätt net vill Wäert gehat, well et wär en Dialogue des sourds. Ech muss soen, dass ech dat immens skandaliséiert empfannen. Nach eng Kéier weist et einfach, dass de Wëllen ni do gewiescht wär, fir eeben, dass Leit matenee schwätzen an ze kucken, wéi ech ëmmer erëm soen, fir d’Caritas ze retten, och hei war de Wëllen net do, et war keen Effort do, fir d’Banken eeben, d’Caritas zesumme mat der Regierung, och mam Krisecomité, einfach mat deene Concernéierten, fir ze kucken, fir eng Solutioun ze fannen. Wann et einfach heescht, dat hätt kee Wäert gehat, bon, dat ass e Statement, dee mer dann hinhuelen, mee deen einfach ganz kloer weist, dass se einfach dat ni wollte maachen. Si wollten ni d’Caritas retten.”
D’gréng Deputéiert Djuna Bernard huet vun enger opschlossräicher Reunioun geschwat. Si géing sech Froen, ob de Staat an d’Kierch net besser gehat hätten, eng méi aktiv Roll um Niveau vun de Finanzen anzehuelen: “Wa sech näischt um interne Fonctionnement geännert huet, wann d’Wäerter déi selwecht sinn, hätt een dann net missen iergendwou, méi no un där Caritasbasis bleiwen. An do fannen ech et duerchaus schued, dass sech do sëllegen Acteure ganz passiv gewisen hunn an déi Leit, déi hei d’Sue ginn hunn, iergendwou an eng méi neoliberal Organisatioun ouni grouss Wäerter gepusht hunn.”
Fir den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum goufen et Widderspréch tëschent den Aussoe vu PwC e Méindeg a vum Christian Billon haut. PwC hätt deem, wat een haut gewuer gi wier no, eng vill méi aktiv Roll gespillt, fir Acteuren ze fannen, déi d’Aktivitéite finanzéiere kéinten, wéi dat virdrun duergestallt gi wier.
Den ADR-Deputéierten Dan Hardy huet no der Kommissioun gesot, a senger Partei géing ee sech ëmmer nees froen, ob eng Enquête-Kommissioun net méi sënnvoll gewiescht wier, well se sech all Kéier nach vill Froe stellen: “Well elo gesitt Dir jo selwer, dass dat net richteg hei weiderkënnt. A mir froen eis ëmmer méi, wat deen Exercice hei bréngt. An och ob hei net sollen gewësse Saachen ënnert de grousse Teppech gekiert ginn.”
Am Raum steet och nach ëmmer d’Fro, ob et sech bei der Iwwernam vun den Aktivitéite vun der Caritas duerch HUT ëm en Transfert d’entreprise gehandelt huet. Op déi Fro hätt de Christian Billon näischt Seriöes kënnen äntweren, esou de lénken Deputéierte Marc Baum. Dozou d’DP-Deputéiert Carole Hartmann no der Reunioun.
“Dat ass eng Fro, déi juristesch diskutéiert gëtt an iwwert déi ech mech net weider prononcéieren. Déi Fro ass natierlech och dem Här Billon gestallt ginn. Mee och dat war net dem Här Billon seng Aufgab. Hien huet gesot, op den 1. Oktober hat Caritas de facto keng Aktivitéit méi. Doraus erschléissen ech, dass HUT eng Aktivitéit ugefaangen huet ab deem Moment an HUT huet dann déi Aktivitéiten, déi Caritas virdrun en Gros gemaach huet, huet déi dunn dee Moment iwwerholl. Ass dat en Transfert d’entreprise? Ech mengen d’Affaires en justice sinn en cours. Do loosse mer d’Geriichter driwwer urteelen.”
Déi nächst Rendezvouse vun der Spezialkommissioun si mat der Personaldelegatioun vun der Caritas an duerno mat der Caritas selwer. Wien do genee géing kommen, wéisst een awer nach net, sou de President Charel Weiler. An den nächsten Deeg géingen de Bistum an d’Federatioun vum Sozialsecteur Fedas eng Invitatioun kréien.
De CSV-Ost-Deputéierte Ricardo Marques wäert proposéiert ginn, fir d’Stéphanie Weydert an der Caritas-Spezialkommissioun z’ersetzen.