
Beim 40 Joer ale presuméierten Täter, deen déi polnesch Nationalitéit huet, handelt et sech ëm eng Persoun ouni fixen Domicile. Déi Informatioun aus anere Medien huet ons d’Pressestelle vun der Justiz um Méindeg confirméiert. Zanter wéini de presuméierten Täter hei am Land ass, ass net gewosst. Mir kruten awer dann och confirméiert, datt d’Affer net méi am Spidol ass.
D’Faiten, déi ëm 2 Auer an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg virun enger Woch waren, si besonnesch grav, hat d’Justiz e Freideg selwer deklaréiert.
Enquêtéiert gëtt iwwer Mordversuch, Kierperverletzung, Vergewaltegung, Verletzung vun der sexueller Integritéit, Vol a Gewalt. Den éischten Elementer aus der Enquête no hätt d’Affer, d’Fra, sech wärend der Aggressioun befreit kritt an hätt d’Flucht ergraff. Ewéi et heescht, hätt si vu Passanten, déi si begéint hätt, net gehollef kritt, mee wier duerno op eng Policepatrull gestouss, déi an der Suite de presuméierten Täter gestallt hätt an op der Plaz Saache fonnt hätt, déi dem Affer gehéiere géingen. De presuméierten Täter gouf vun engem Riichter direkt an Untersuchungshaft gesat.
E Viol besteet, wann eng Persoun eng aner Persoun, ouni där hire Consenemtent, mam Penis, Fanger oder mat engem Objet am Vagin, Anus oder Mond penetréiert. Ouni Consentement oder wann een d’Affer beaflosst oder eng Situatioun versetzt, datt et net ka resistéieren – zum Beispill duerch Menacen. Op Vergewaltegung sti Strofe vu 5 bis zu 30 Joer feste Prisong an d’Strof kann duerch weider Ëmstänn verduebelt ginn.
Wann een enger Persoun an der Nout net hëlleft, riskéiert ee schwéier Strofen. Am Code pénal stinn op Non-Assistance à personne en danger 8 Deeg bis 5 Joer Prisong a Geldstrofe vun 251 bis 10.000 Euro. Wann et eng grav Gefor gëtt, muss een hëllefen, ausser et besteet fir sech selwer e seriöe Risiko. Fir ze hëllefen, kann et duergoen, déi zoustänneg Rettungsdéngschter ze ruffen.
De Joresrapporte vun der Police no gouf et d’lescht Joer 128 Vergewaltegungen. Méi ewéi 3 Mol méi ewéi virun 20 Joer. Och proportional zur Populatioun ass et nach ëmmer eng Hausse, quitt datt eventuell eng méi staark Sensibiliséierung dozou kéint gefouert hunn, datt méi Affer sech mellen.
Fraen, déi Affer vun engem Viol oder enger Tentative de Viol sinn, ginn, wann et méiglech ass, bei der Police vun enger Beamtin betreit. Vun der Police ass et nach de Conseil sech net ze wäschen, fir Beweiser ze preservéieren. Kleeder soll een och an enger Pabeiertut konservéieren.