Grave Virfall an der GroussgaassEnquête wéinst versichtem Doudschlag, fräiwëlleger Kierperverletzung, Viol, sexueller Aggressioun a Vol

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg gouf eng Fra, déi amgaange war heem ze goen, vun engem 40 Joer ale Mann an der Groussgaass agresséiert.
© RTL

Beim Täter handelt et sech ëm e 40 Joer ale Mann mat polnescher Nationalitéit.

Éischten Ermëttlungen no konnt d'Affer sech wärend der Aggressioun befreien a fortlafen. Passante sollen hir net gehollef hunn. Si ass weider gelaf, bis se eng Policepatrull begéint huet.

Op Basis vun enger Beschreiwung konnt en Tatverdächtege festgeholl ginn. Den Untersuchungsriichter huet en Haftbefeel ordonéiert.

Op der Plaz goufen och perséinlech Objete vum Affer fonnt.

De Parquet rappeléiert d'Onscholdsvermuddung.

Schreiwes vum Parquet am Detail
Ouverture d'une information judiciaire à la suite d'une agression commise à Luxembourg-Ville

Back to Top
CIM LOGO