88 Hektar groussTëscht Menster an Uewersyren läit d'Naturreservat Schlammwiss

Christophe Hochard
Dat ganz Natura-2000-Gebitt ass 370 Hektar grouss. Nieft Schilf an Dëmpele gëtt et hei eng Beréngungsstatioun fir Villercher.
Tëscht Menster a Siren läit d'Naturreservat Schlammwiss
Zanter iwwer 40 Joer gëtt et dëst Fiichtgebitt.

Si gëtt fräiwëlleg vu ville Leit bedriwwen.

Zanter iwwer 40 Joer gëtt et dëst Fiichtgebitt. Op dëser Plaz fënnt een eng grouss Unzuel u verschiddene Villercher, vill Amphibien a seele Brutvullen déi op de Schilf ugewise sinn.

An der Schlammwiss begéint een och dem Guckuck. Hien ass ee vun deenen éischte Villercher deen nees zeréck an Afrika flitt. Am Juli wäert de Guckuck fort sinn.

De Schilf ass eng wichteg Planz hei zu Lëtzebuerg. Eppes iwwer 100 Hektar Schilf gëtt et hei am Land. 25 Hektar Schilf fënnt een an der Schlammwiss.

Italiensch Büffelen a vill Villercher an der Schlammwiss
D’Naturreservat ass e Schilfgebitt. Vill Villercher fille sech hei besonnesch wuel.
Impressioune vum Fiichtgebitt "Schlammwiss"
Kamera: René Pfeiffer
Montage: Chris Quaegebeur

Back to Top
CIM LOGO