Budgetskontrollkommissioun vun der ChamberEt wëll ee Kloerheet, wéi d’Demarchen am Dossier Sportsmusée genee gelaf sinn

Michèle Sinner
D’Budgetskontrollkommissioun huet sech e Méindeg mam Sujet Sportsmusée beschäftegt, obschonns se decidéiert hat, déi zoustänneg Ministere Mischo a Roth net kommen ze loossen.
© Pierre Weinerskirch

Dat, nodeems de Georges Mischo aus der Regierung demissionéiert huet. D’Deputéiert hunn decidéiert, hir Froen iwwert de Projet ze bündelen an als Kommissioun zesummen un d’Regierung ze schécken. D’Sam Tanson vun déi Gréng sot, et wier wichteg, datt een der Saach géing op de Fong goen a kollektiv Léieren draus zitt. Si huet notamment festgestallt, datt:

“deem faméise Protocole d’Accord ganz kloer rieds geet vun engem Sportmusée, wou dann déi Baufirma den Optrag och kritt, do déi Etude de faisabilité ze maachen. An an der Kommissioun virun zwou Wochen heescht et op eemol Kongresszenter. An engem Dokument, wat dotëscht opgestallt ginn ass, heescht et Centre de congrès et d’exposition. An, sou dass een dovunner ausgeet, dass dee Kongresszenter dann och déi Expositiounshalen englobéiert. Mee et gesäit e bëssen aus, wéi wann dat en Artifice wär, fir ze soen, mir kafen net e Gebai, wat dann ëmgebaut gëtt, mee mir kafen eppes fäerdeg an da baue mer dat duerno ëm als Sportmusée. Wat natierlech extreem problematesch wär.”

Och d’Liz Braz vun der LSAP wëll, datt den Dossier opgeschafft gëtt:

“Dann ass et awer méi eng fundamental Fro doriwwer, wann de Staat baut respektiv Bauten ofkeeft. Do ginn et verschidden Organer, déi och eng Roll ze spillen hunn, wéi zum Beispill de Comité d’acquisition oder d’Commission des soumissions an do wär et wichteg ze héieren, ob déi hei mat am Coup waren, ob déi zu iergendengem Moment saiséiert gi sinn, wat se hätte missen, wou et eis bis ewell esou schéngt ginn, wann déi net mat dra waren. An da muss ee sech d’Fro stellen, wéi ass dat méiglech bei eise Prozeduren, dass esou Organer kënnen ëmgaange ginn iwwer Protocole d’Accorden, déi vun engem Minister engagéiert ginn, deen net d’Kompetenz hat, fir esou ee Protocole d’Accord am Numm vum Staat ze engagéieren.”

Back to Top
CIM LOGO