SportsmuséeMinister Georges Mischo zitt Projet zeréck

Michèle Sinner
Den CSV-Sportminister Georges Mischo zitt de Projet Sportmusée op der Rouder Lëns zeréck, dat sot hien e Freideg nom Regierungsrot am RTL-Interview.
© Pierre Weimerskirch

De Sportminister Georges Mischo huet am Regierungsrot de Projet vum Sportsmusée op der Rouder Lëns zeréckgezunn. Dat sot de Georges Mischo am RTL-Interview.

“Ech hunn dem Regierungsrot elo och no Concertatioun mam Finanzminister proposéiert, de Projet zréckzezéien, well eeben déi ganz Diskussiounen elo waren, ëm d’Prozeduren an esou, a well déi Insécurité juridique nach besteet, hunn ech gesot, okay, den aktuelle Projet, deen op där Plaz op der Rouder Lëns zu Esch sollt entstoen, zéien ech elo zréck, mee d’Iddi vun engem Sportsmusée, déi halen ech awer nach oprecht.»

Op d’Fro, ob d’Prozeduren dann elo senger Meenung no agehale goufen, sot de Sportminister, dat géif elo weider analyséiert ginn.

Hien hat Uganks Juli d’lescht Joer e Protocole d’Accord mat de Gesellschaften Iko Real Estate an Iko Development vum Promoteur Eric Lux ënnerschriwwen, fir de Musée an d’Turbinnenhal op der Rouder Lëns zu Esch ze implantéieren. De Protocole, deen RTL virläit, huet virgesinn, datt de Promoteur selwer d’étude de faisabilité géing maachen, d’Besoine vum Sportsministère an engem Cahier de charges fir d’Programmatioun géing definéieren an eng Fiche mat den Objektiver géing opstellen, déi als Basis fir de Budget vum Projet géing déngen. De Georges Mischo hat an dem Protocole och ënnerschriwwen, datt wann de Projet eppes géing ginn, Iko Real Estate de Projet fir de Staat géing realiséieren an de Staat de Musée dono entweder géing ofkafen oder op laang Zäit lounen.

Dat sinn awer Aufgaben, déi entweder an d’Kompetenze vun de Servicer vum Infrastrukturministère, respektiv deene vum Finanzministère falen. Iwwert Acquisitiounen decidéiert de Comité d’Acquisitioun vum Finanzministère, wou de Gilles Roth de Projet uganks der Woch no Presseberichter vum Ordre du jour huele gelooss huet.

Op d’Fro, wéini hie vum dësem Protocole gewuer gi wär, sot de Finanzminister nom Regierungsrot:

“Ech mengen, et sinn eng Rei Dokumenter, déi dës Woch nei an den Dossier bäikomm sinn. Den Här Mischo als Sportminister huet d’Propos gemaach, dem Regierungsrot, fir dee Projet do zréckzezéien. Dat ass keng Decisioun géint de Sportsmusée. Mee dat ass fir juristeschen Onsécherheeten aus dem Wee ze goen. Dat ass eng komplex Matière. An ech mengen, et kuckt een elo no vir. An ech sinn och iwwerzeegt, dass mir respektiv den Här Mischo déi richteg Plaz wäert fannen, fir e Sportsmusée an den nächster Zäit.”

Ma den Accord tëscht dem Georges Mischo an dem Promoteur ass eben net vun dëser Woch, mee war ënnerschriwwen, ier de Georges Mischo de Projet mat engem Käschtepunkt vu ronn 28 Milliounen Euro HTVA de leschte Mee am Regierungsrot virgestallt huet.

De Gilles Roth sot op Nofro, et misst een den Dossier a senger Gesamtheet kucken: “D’Press huet hir Aarbecht gemaach. Mir kucke lo no vir, dass mer en neien Ulaf huelen an dass deen och an enger komplexer Matière, mat ëffentlechen Ausschreiwungen esou sollt geschéien, wéi dat soll sinn. An ech mengen, dass mer do och wäerten an nächster Zukunft op engem gudde Wee sinn.”

Wichteg wier elo, datt d’Decisioun geholl gi wier, de Sportsmusée op enger anerer Plaz sollt ugesidelt ginn, esou de Finanzminister. Wann de Projet näischt gëtt, hat de Georges Mischo am Protocole d’accord ënnerschriwwen, muss de Staat d’Etude de faisabilité an enger Héicht vun 120.000 € hors taxes un de Promoteur bezuelen.

Der Fro, ob hie misst perséinlech Konsequenzen aus dëse Virgäng zéien, ass de Sportminister aus de Féiss gaangen: “Ech hu jo elo gesot, de Projet ass elo mol zréckgezunn. A mir kucken da wéi et weidergeet. Wéi gesot, ech hunn de Kolleegen elo mol gesot, dass, déi ganz Diskussioun elo, de Projet selwer, lo de Wuerm dran ass respektiv ech wëll net de Projet lo ufänke vum Sportsmusée, wou vun Ufank un de Wuerm dran ass. An dofir hunn ech elo mol d’Propos gemaach, fir en zréckzezéien. An da wäerte mer da kucken, wéi et weidergeet.”

De Sujet Sportsmusée ass e Méinden och Sujet an der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber. Dat well d’LSAP verlaangt hat, datt den Dossier vum Rechnungshaff iwwerpréift gëtt.

Pressecommuniqué vum Sportsministère
Retrait du projet d’implantation du Musée des sports à «Rout Lëns» (05.12.2025)

Liest och hei:

Back to Top
CIM LOGO