Stad mam Vëlo entdeckenTourismus a Patrimoine: Unesco-Bike-Tour

RTL Lëtzebuerg
Bei perfektem Wieder war um Freideg déi offiziell Aweiung vum Unesco-Bike-Tour duerch d'Stad Lëtzebuerg.
Unesco Bike Tour
Mam Vëlo d’Stad Lëtzebuerg entdecken.

Fir de Coup ze markéieren, gouf et eng „Promenade“ um Vëlo vun der Gëlle Fra, duerch de Park, bis op de Glacis. Den original Unesco-Bike-Tour, dee féiert iwwert 9,5 Kilometer. Depart op der Place de la Constitution, bei der Gëlle Fra iwwert d’Nei Bréck, erof an d’Péitruss, da bis an de Gronn. Weider geet et duerch de Gronn, Clausen, Pafendall, bis bei de Lift. Uewe geet et duerch de Park, do wou fréier d’Festung war, zeréck bei d’Gëlle Fra.

PDF: D'Kaart vum Unesco Bike Tour

Back to Top
CIM LOGO