
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Donneschdeg enthält d'Donnée vum Dënschdeg a vum Mëttwoch, dat well de Gesondheetsministère um Feierdag keng Zuele matgedeelt huet.
An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid bei 818.
Bannent de leschte 24 Stonne goufe 489 Tester gemaach, dovunner waren der 4 positiv.
Den Ament si 5 Persounen hospitaliséiert. Op der Intensivstatioun leien dovunner aktuell 2 Persounen.
Zu Lëtzebuerg ginn et 213 aktiv Infektiounen. 69.555 Leit gëllen als geheelt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,77. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.