MunnerefUm Parking mam Auto an d'Mauer, Alkoholtest negativ, Drogeschnelltest positiv

RTL Lëtzebuerg
Um 7 Auer um Freideg ass op engem Parking zu Munneref een Auto aus net gekläerter Ursaach an d'Mauer vun enger Garage gerannt.
© Laurent Weber / RTL

D’Fra um Steier koum fir d’Kontroll an d’Spidol. Den Alkoholtest war negativ, mee den Test op Droge war op der Plaz positiv.

Um kuerz virun 8 Auer ass et e Freideg zu Leideleng zu enger Kollisioun tëscht engem Vëlosfuerer an engem Camion. Eng Persoun gouf blesséiert.

An da mellt de CGDIS nach eng Dampentwécklung zu Esch an engem Geschäft. Hei koum keng Persoun zu Schued.

Back to Top
CIM LOGO