Sexuell Aggressiounen zu BeetebuergSchäfferot weist sech "déif betraff an indignéiert"

Claude Zeimetz
Bannent kuerzer Zäit war et zwee Mol zu sexuellen Aggressioune géintiwwer jonke Frae komm.
Bannent kuerzer Zäit gouf et zwee Fäll vu sexuellen Aggressiounen zu Beetebuerg. Ob et e Lien tëscht béide Fäll gëtt, huet d'Police bis elo net matgedeelt.
© Domingos Oliveira (Archiv)

No zwou sexuellen Aggressiounen an Zäit vu manner wéi enger Woch zu Beetebuerg, weist sech de Schäfferot vun der Gemeng an enger Kommunikatioun op de soziale Medien "déif betraff an indignéiert" wéi et heescht vun den "zwou feigen Aggressiounen". Et wier "traureg an inakzeptabel", datt sou eppes iwwerhaapt geschitt.

D'Police hat d'lescht Woch e Freideg schonn en Zeienopruff nodeems eng Fra vun 19 Joer vun engem onbekannte Mann op der Strooss gepaakt gouf. Hien war hir souguer bis heem nogaangen. E Mëttwoch hunn d'Beamten dunn ee weidere sexuellen Iwwergrëff zu Beetebuerg notéiert. Déi Kéier war e mannerjäregt Meedchen an der rue Marie-Thérèse viséiert. En onbekannten Täter hat et vun hanne festgehalen an am Intimberäich ugepaakt. Hie konnt duerno mat engem Scooter flüchten.

Ob et e Lien tëscht béide Fäll gëtt oder ob den Zeienopruff vu leschter Woch eppes erginn huet, huet d'Police eis bis elo, trotz Nofroen, net matgedeelt. Déi Beetebuerger Gemengeresponsabel probéieren elo ze berouegen. Et wier een an enkem Kontakt mat der Police. Déi hätt och hir Präsenz um Terrain verstäerkt a géif weider enquêtéieren.

Back to Top
CIM LOGO