"Nee zum Heescheverbued"Vandalismus um Inneminister Léon Gloden sengem Doheem

RTL Lëtzebuerg
De Léon Gloden deelt op de sozialen Netzwierker mat, datt eng Mauer vu sengem Doheem zu Gréiwemaacher mat Graffiti beschmiert gouf.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi den CSV-Minister RTL confirméiert huet, gouf an der Nuecht op e Freideg mat rouder Schrëft riseg grouss op eng Mauer geschriwwen: “Nee zum Heescheverbued”. Dernieft wieren d’Pneue vum Auto vu sengem Fils zerstach ginn, sou de Léon Gloden weider.

Demokrate géinge mat Argumenter streiden an net mat sou Aktiounen, sou de Policeminister. Hie géing seng Meenung a seng politesch Handlungen op alle Fall net änneren.

De Léon Gloden huet Plainte bei der Police gemaach.

Eng vun den éischte politeschen Aktiounen vum neien Inneminister war jo den nodréigleche Feu Vert fir d’Heescheverbuet vun der Stad Lëtzebuerg.

© Domingos Oliveira / RTL

Back to Top
CIM LOGO