
Géint 19:25 Auer e Freidegowend sinn zu Leideleng an der Rue de la Gare zwee Autoen aneneegerannt. d'Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech waren op der Plaz, grad ewéi och d'Stater Ambulancieren, déi sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert hunn.
Géint 20:50 Auer huet dann en Auto op der A13 an Direktioun Schengen gebrannt. Dat op der Héicht vum Tunnel Fréiseng. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Pompjeeë vu Beetebuerg an d'Pompjeeë vu Schengen a Fréiseng waren hei am Asaz.
Ee weidere Blesséierte gouf et dann um 1:15 Auer an der Nuecht op e Samschdeg, wéi sech zu Hesper an der Route de Thionville zwee Autoen ze pake kruten. Hei sinn d'Hesper Pompjeeën an d'Stater Ambulancieren op d'Plaz geruff ginn.
Um 3:18 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi en Auto um CR137 tëscht Konsdref a Bäerdref e Bam ze pake krut. D'Ambulanciere vun Iechternach an d'Pompjeeë vu Bäerdref koumen op d'Plaz.