
D'Police huet an der Nuecht op e Samschdeg 4 Chaufferen de Permis ofgeholl, déi ze vill Alkohol consomméiert haten an duerch hire Fuerstil opgefall sinn.
Kuerz virun Hallefnuecht war bei Buer eng Persoun vill ze séier ënnerwee, ass vun der Fuerbunn ofkomm a koum liicht blesséiert an d'Spidol.
Géint 1:30 Auer hunn zwee aner Chaufferen en Auto ugehalen, deen op der Nordstrooss am Zickzack ënnerwee war.
Kuerz no 2 Auer waren op der Escher Autobunn zwee Autoen anenee gerannt, hei war ee vun de Chaufferen alkoholiséiert a krut de Führerschäin ofgeholl.
A géint 2:30 Auer war eng Persoun bei Bous Richtung Réimech am Zickzack ënnerwee, och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis fort.