Nëmmen all 10. Resident reest am éischten Trimester vum Joer an d’Bierger. Déi beléiftst Bierg-Destinatioun ass Éisträich. 73% vun de Schnéi-Touriste sinn och sportlech aktiv. Déi meescht Leit, déi an de Wantersport ginn, bleiwen eng Woch a bezuelen dofir an der Moyenne 1.000 Euro op de Kapp.
23% vun de Persounen, déi un der Ëmfro vum Statec deelgeholl hunn, hunn iwwerdeems uginn, tëscht Januar a Mäerz Famill oder Frënn am Ausland ze besichen. Dat haaptsächlech a Frankräich oder Däitschland.