Och e Sonndeg nees vill lassVill Offall a Knascht nom Weekend um Stauséi

RTL Lëtzebuerg
Vill Leit huet et bei den héijen Temperaturen un de Stauséi gelackelt. Ma dacks gouf dono den Dreck net matgeholl a leie gelooss.
© RTL Mobile Reporter

Ënnert anerem gouf et am Raum vum Stauséi deels gréisser Perturbatiounen am Trafic. D’Plagë waren um Samschdeg iwwerfëllt a Stroossen hu misste gespaart ginn.

Majo wou vill Leit sinn, gëtt dacks och vill Knascht an Dreck produzéiert, deen een awer normalerweis och nees ka mathuelen fir an d’Poubelle ze geheien.

Op Fotoen ass awer ze gesinn, dass dëst vun enger Partie Leit wuel net sou gemaach gouf an dass de Knascht an der Wiss leie gelooss gouf.

Wéi et heescht, hätte sech virun allem vill Residenten iwwert d’Ëmweltverschmotzung opgereegt.

Och e Sonndeg vill lass um Stau

Wéi d’Police mellt, wieren och e Sonndeg nees eng sëllege Leit ronderëm de Stauséi ënnerwee. D’Policedirektioun Dikrech weist an deem Kader dorops hin, datt Leit, déi an der Géigend mam Auto ënnerwee sinn, mat vill Trafic rechne mussen.

Et sollt een d’Géigend mam Auto am beschten evitéieren oder eng vun de Stauséi-Navette benotzen. Detailer zu den Navetten an dozou, wéi ee mam ëffentlechen Transport op de Stau kënnt, ginn et hei am Artikel.

Back to Top
CIM LOGO