
D‘Hëtzt zitt d’Leit bei natierlech bei d’Waasser. Ma d’Police mécht elo den Appell fir d’Regioun vum Stauséi z’evitéieren. Zanter dem fréien Nomëtteg sinn all d’Parkplazen komplett ausgelaascht an et géing mëttlerweil “wëll falsch geparkt ginn” sou heescht et vun der Police.
D’Stränn Rommwiss, Fussefeld, Burfelt, Ënsber a Bommel sinn schonn wéinst der héijer Zuel un Visiteuren iwwerfëllt. Den Accès an d’Uertschaften Bommel an Ënsber ass komplett gespaart. D’Police ass op der Plaz, fir sech ëm de Verkéier an d’Falschparker ze këmmeren.
Donieft mellt d’Police och, dass all d’oppe Schwämmen am Süden vum Land elo zou sinn. Diddeleng, Déifferdeng, d’Thermen zu Stroossen an zu Esch sinn elo net méi fir de Public op, well och do ze vill Leit sinn.
Schonn am éischte Corona-Joer 2020 hunn déi vill Autoen aus dem ganze Land an aus der Groussregioun fir Ierger gesuergt: Bei den Awunner vun den Dierfer ronderëm de Stauséi genee wéi bei deene ville Leit, déi Krämpes haten, nach eng Parkplaz an der Géigend vum Stauséi ze fannen.
Fir zougeparkt Trottoiren a Stroossesäiten ze evitéieren, ginn et eng Rei Navetten déi een huele kann, wann ee mam Auto ënnerwee ass.
D’Stauséi-Navette (Linn 690) mécht den Tour ronderëm de Séi a verbënnt esou déi verschidde Plage mateneen. Ausserdeem ginn et zwee Opfangparkingen: “Am Kéilert” bei Ënsber ass Plaz fir eng 700 Autoen an um Parking “Kräizfeld” bei Lëlz kënne sech nach emol 250 Ween halen. Vun deenen zwee gratis Parkinge ginn et op Weekender wéi dësem dann och Shuttle- Zerwisser, déi d’Leit bei déi verschidde Plage bréngen.
An engem Post op Facebook weist den Naturpark Uewersauer drop hin, datt d’Parkplazen direkt beim Stau elo méi deier gi sinn: Dës kaschten 3 Euro d’Stonn.
Mam ëffentlechen Transport kënnt een zum Beispill vun Ettelbréck mat der Buslinn 535 op de Stauséi. Aus der Stad kann ee mam Zuch op Ettelbréck fueren an ass da mat dem uschléissende Bus zesumme knapps iwwert eng Stonn ënnerwee. Vu Wolz hëlt een d’Buslinn 624 op de Stau. Weider Verbindunge fënnt een op www.mobiliteit.lu.
Fir de Besuch um Stauséi ginn et dann och nach e puer Verhalensreegelen. Den Naturpark erënnert dorunner, datt ee keen Dreck an d’Natur soll geheien an datt Hënn op de Plage ronderëm de Stau net erlaabt sinn. Wien Honger huet soll déi fest installéiert Grillen um Fuussefeld zu Ënsber benotzen. Et soll ee sech mam Auto och net einfach an d’Natur parken - am schlëmmste Fall kéint ee waarmen Auto am héije Gras op engem dréchenen Dag ee Feier ausléisen.