
Nieft der exzeptionell klenger Zeremonie an engem "cadre restreint" um Kanounenhiwwel en Dënschdeg de Moien ass et och och Première, datt d'Militärparad an den Te Deum ausgefall sinn.
Béid Zeremonie konnte wéinst den Anti-Covid-Dispositiounen net organiséiert ginn. Iwwerdeem d'Parad mat militäreschen an ziviller Participatioun wuel nach net esou laang ofgehale gëtt, sou kuckt den Te Deum awer op eng Geschicht vun 550 Joer zeréck.
De Coronavirus verhënnert also net nëmmen déi weltlech Feieren, wou vill Mënschen zesummekommen, mä och déi kierchlech. Dat bedeit deemno: kee feierlechen Te Deum an der Kathedral an och net um Land.
D'Erklärunge vum Georges Hellinghausen: Well wie géif den TD och sangen? Och eis Kierchechéier sinn duerch d'Covid-19-Kris ugeschloen: Se kënne weder prouwen nach sangen an optrieden, well d'Gefor vu Spautdrëpsen, déi zirkuléieren, an domat vu potenzieller Covid-Ustiechung ze grouss ass. E Plus si vill Membere vun eise Chéier, och nach bei den altersbedingte „personnes vulnérables“.
Also, dëst Joer keen Te Deum! Ausnam ass en Drive-in-Te Deum mat Autoseenung zu Péiteng um Open-Air-Kino, wat eng duerchaus originell Initiativ ass, an zwar a Kooperatioun tëscht der Péitenger Gemeng an der Par.
Vu Bistumssäit ass awer allgemeng ugeuerdent ginn, dass an de Masse vum leschte Sonndeg an de Fürbitten d’Uleies vum Grand-Duc a vum Land sollten zur Sprooch kommen. An dass d’Heemecht, eis Nationalhymn, zum Schluss vun der Mass sollt gesonge ginn. An dat ass och, denken ech, geschitt, och zum Beispill an der Radiosmass.
Et ass och net déi éischte Kéier, datt den Te Deum ausfält: dat war zum Beispill wärend der Franséischer Revolutioun de Fall kuerz virun 1800, wou een a ganz Frankräich ersat ginn ass duerch d’Marseillaise.
Lëtzebuerg war jo deemools als Departement des Forêts och en Deel vun der Republik Frankräich, déi dat aalt Herzogtum annektéiert hat.
An da war natierlech keen Te Deum am II. Weltkrich, well d’Nazien all patriotesch Manifestatioune strikt verbueden haten an d’Land germaniséiere wollten, konnt natierlech och keen Te Deum ofgehale ginn.
Am Pandemie-Joer 2020 ass dat also net anescht, den Te Deum ass net gefeiert ginn.