
D'Schoulrentrée steet dëst Joer virun allem am Zeeche vun zwou grousse Reformen: dem Mesurëpak fir méi Inklusioun an dem Projet Alpha, dee jo elo generaliséiert gëtt. D'Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL begréisst zwar verschidde Schrëtt, mee gesäit awer nach vill Schantercher. D'Gewerkschaft fuerdert méi Personal, manner Bürokratie an e méi klore Kader, fir mat verhalensopfällege Kanner ëmzegoen. D'Joëlle Damé, Presidentin vum SEW-OGBL:
"Well dacks fille si sech handlungsonfäeg, wann et zu Problemer an der Schoul kënnt, an do hätte mer gären, dass mer quasi e Vademecum hunn, wéi mer kënne virgoen. Dann hätte mer och gären, dass all Gewalt-Virfall an der Schoul erfaasst gëtt. Elo ass virgesinn, dass nëmmen déi Gewalt-Virfäll oder déi Virfäll mat schwéier verhalensopfällege Kanner erfaasst ginn, wou dat regionaalt Krisen-Team intervenéiert a wou dann och un d'Direktioun ginn. An domadder fält ganz vill ënnert den Dësch, domadder fale Virfäll ënnert den Dësch, wou Eltere sech net un d'Reegelen halen."
Wann ee keng Zuelen huet, weess een och net, wou e Besoin ass oder wat vu Ressourcë gebraucht gëtt. Donieft fuerdert d'Gewerkschaft een zweeten Intervenant an all Klassesall am Cycle 1. Aktuell wier ugeduecht, fir mat engem Pilotprojet vun 2028 un een Intervenant pro Schoul derbäi ze ginn. De Projet soll och eréischt no 3 Joer evaluéiert ginn. Dat géing awer net weit genuch goen.
Och de Projet Alpha, fir eng Alphabetiséierung op Franséisch, suergt fir Kritik. Domat soll d’Bildungsgerechtegkeet verbessert ginn. Mee der Enseignantsgewerkschaft no wier nach net kloer, ob de Projet Alpha duerno tatsächlech zu bessere Leeschtunge féiert.
"Dat heescht, mir wëssen net, wou mer histeieren. Mir mussen éierlech kommunizéieren, dass et de politesche Wëlle war, de Projet elo schonn ze generaliséieren, mee dass mer am Endeffekt net wëssen, wat dobäi erauskënnt. Alles, wat mer elo de Leit probéieren ze verspriechen, dass méi Bildungsgerechtegkeet géif entstoen, dat ass reng Spekulatioun."
D’Gewerkschaft fuerdert dowéinst méi Transparenz. De Rapport iwwert de Pilotprojet géif weisen, dass den Niveau an der zweeter Sprooch net méi esou héich ass wéi bis elo. Dat misst een awer och richteg no baussen kommunizéieren, sou d'Joëlle Damé.
Een anere Sujet waren e Mëttwoch natierlech déi schlecht PISA-Resultater. Besonnesch beim Liese sinn d’Kompetenze vun de Schüler problematesch, awer net iwwerraschend, sou d'Vera Dockendorf.
"Dat do war am Fong geholl ze erwaarden an dat do hu mer eigentlech ëmmer gesot. Mir hu festgestallt, datt d'Lieskompetenzen erofginn. Mir hunn ëmmer erëm kritiséiert, datt déi Reform am Cycle inférieur vun dem Enseignement général wierklech net zilféierend ass."
Et gëtt vill Grënn fir dës schlecht Resultater, mee besonnesch d'Benotze vum Smartphone spillt mat.
"Den Handy ass ee Facteur, deen dozou bäidréit, datt d'Liesen an eeben d'Lieskompetenz ofhuelen. Mee wa mer da kucken, datt wierklech flächendeckend Tablets agesat gi sinn op den ënneschte Klassen, och am Secondaire, op deenen aneren, ouni datt e Konzept hannendru war. Dat heescht, oft funktionéieren déi och als Ersatz-Heft, als Ersatz-Buch. Och do muss ee soen, datt et Studie ginn, déi eebe genau soen, dass dat d'Lieskompetenz net fërdert, well de Bildschierm dozou féiert, datt mer iwwerflächlech liesen an datt mer eeben och Textpassagë net méi erëm fannen, datt mer dat manner verënnerlechen, manner déif an den Text eraginn."
Den SEW-OGBL fuerdert dofir eng méi konsequent an national eenheetlech Handysreegelung. Fir dass net all Lycée seng eegen Zëppche kacht.
Fir d'Léierpersonal bleift d'Haaptfro awer eng aner: Wéi vill Reforme kann d'Schoul ëmsetzen, wann d'Mëttelen um Terrain net duer ginn? Nach eemol d'Vera Dockendorf:
"Insgesamt gëtt d'Gesellschaft ëmmer méi esou, datt vill op d'Schoul ofgewälzt gëtt. D'Enseignante sollen alles riichten, ouni awer déi natierlech Outilen ze kréien. A wa mir dann zum Beispill mat gewalttätegem Verhale konfrontéiert sinn, dann hu mir oft net déi richteg Outilen, da gëtt éischter nach gesot: 'a dat musst der elo aushalen, dat musst der verstoen'. [...] Wa mir elo zum Beispill sollen d'Lieskompetenz opfänken, da gëtt eis awer eng Stonn Sport, lo soll eis wech, eigentlech Sprooch wechgeholl ginn an de Sport ersat ginn. Dat heescht, et sinn eigentlech ëmmer erëm Momenter, wou mer dofir warnen, soen, wat mer brauchen, mee wou awer einfach ze wéineg op eis gelauschtert gouf."
Den SEW-OGBL proposéiert aus der Stonn Sport elo eng obligatoresch Stonn fir ausserschoulesch Aktivitéiten ze maachen, vu Sport iwwer Schach bis Kachen. Vill Kanner hätten nämlech haut guer keen Hobby méi ausser de Bildschierm. Een Hobby ouni Handy géif net nëmmen d'Wuelbefanne stäerken, mee och de soziale Kontakt tëscht de Kanner.